Den Naturreseau ass en neie Projet, deen Ufank Summer vun natur&ëmwelt lancéiert gëtt. D’Haaptzil ass et, fir eng Gemeinschaft ze schafen déi der Natur eng Plaz an de private Gaart gëtt. Duerch d’Sensibiliséierung sollen d’Bierger:inne motivéiert ginn, méi Biodiversitéit an hirem Gaart ze erlaben.
Laangerfristeg soll d’Onlineplattform vum Naturreseau eng Plaz ginn, wou déi schéinste Gäert geéiert ginn, een einfach Kontakt zu anere Gäertner:inne fënnt an déi wichtegst Informatioune fir en naturnoe Gaart zur Verfügung gestallt ginn. Mam Tom Van den Bossche, Projets & conseil nature natur&ëmwelt ASBL