Dagdeeglech
Viru 40 Joer stierft de Victor Bodson
2 min
Gebuer gouf de Lëtzebuerger Affekot a Politiker Victor Bodson de 24. Mäerz 1902 an der Stad Lëtzebuerg. A jonke Jore sportlech aktiv als Schwëmmer a Motocyclist, war hien Affekot um Barreau vun der Stad Lëtzebuerg. An d'Politik koum hien 1930 bei der Lëtzebuerger Aarbechterpartei. A senger laanger politescher Karriär war hien an der Chamber an dem Stater Gemengerot. Hie war Minister fir Justiz, Bauten an Transport, President vun der Chamber, Member vum Staatsrot a vun der Europäescher Kommissioun. De Victor Bodson ass den 29. Juni 1984 zu Munneref am Alter vun 82 Joer gestuerwen.