Dagdeeglech
Virun 31 Joer stierft de Paul Metz
2 min
Gebuer gouf de Paul Metz den 3. Juni 1918. Hie gëllt als de leschte Stolbaron vun der Metz-Dynastie. Kuerz virum Zweete Weltkrich studéiert hien Ingenieur, kann säin Ofschlossexamen awer eréischt 1946 maachen. Geschafft huet hien op ARBED-Belval, der Diddelenger Schmelz, wéi och um Siège vun der ARBED an der Stad, wou hien et 1977 bis zum Generaldirekter vun der ARBED bruecht huet. Seng Recherche fir d'Verbesserung vun de Solprozeduren hunn him vill Auszeechnungen abruecht. A fir seng Resistenz am Zweete Weltkrich gouf hien och geéiert.