Dagdeeglech
Virun 105 Joer 2 Referenden zu Lëtzebuerg
2 min
Bei deene Referende goung et engersäits ëm d‘Fro, ob d‘Land eng Monarchie soll bleiwe mat der Groussherzogin Charlotte um Troun, oder ob d‘Land soll eng Republik ginn. Hei huet sech virun 105 Joer eng grouss Majoritéit fir d‘Monarchie a fir d‘Groussherzogin decidéiert. Beim zweete Referendum goung et ëm d‘Fro, ob d‘Land soll eng Wirtschaftsunioun mat der Belsch oder mat Frankräich agoen. Hei hu sech d‘Lëtzebuerger majoritär fir Frankräich decidéiert, mee well d‘Fransousen dovunner näischt wësse wollten, koum et dunn awer spéider zur Union économique belgo-luxembourgeoise.