De Mix fir 2026 unzefänke kënnt vum 100,7-Resident Cleveland.
Den Andrea Mancini héiert Dir all Samschdeg um 21 Auer an der Emissioun Palatino FM.
Als Cleveland produzéiert hien elektronesch Musek, an där hien déi bekannte Forme vun Techno an House ëmmer méi mutéiert an abstrahéiert. Seng rezent Releasen um Label Kalahari Oyster Cult schwätzen eng ganz eege Sprooch.
Niewent senger Aarbecht als DJ a Produzent ass den Andrea als Kënschtler am Sound- an Installatiounsberäich aktiv. 2024 huet hie Lëtzebuerg bei der Biennale fir zäitgenëssesch Konscht zu Venedeg vertrueden.