Dës Kéier geet et ëm de Gabelstaapler a wéi Wierder an d’Lëtzebuergescht integréiert ginn.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Wouriwwer schwätze mer haut?
C: Ech si jo eng trei Userin vum LOD an do fale meng Ae ganz oft op der Startsäit op déi Wierder, déi nei am LOD sinn. Benotz du den LOD eigentlech vill?
S: ________
C: Lo wéini gouf et op der Startsäit e Wuert, iwwer dat ech mech ganz vill gefreet hunn: de Gabelstaapler. Du weess, déi Maschinn, fir Paletten unzehiewen an duerch d’Géigend ze fueren.
S: Jo, kloer.
C: An ech wëll haut souwuel eppes iwwert d'Wuertbildung erziele wéi och iwwert d'Schreifweis dovunner. Lo kann ee scho mol fir sech iwwerleeën: Wéi géif ech dat da schreiwen?
S: Ass et net einfach wéi am Däitschen “Gabelstapler”?
C: Bal! Bon, am Däitschen hu mer Gabel wéi Gabel, mee beim Stapler gëtt et am Lëtzebuergesche speziell, well mir hunn e laangen A, hannendrun hu mer zwee Konsonanten, e P an en L, an doduerch muss den A verduebelt ginn, dat heescht “Staapler” schreiwe mer am Lëtzebuergeschen S T A A P L E R.
Elo kann ee soen, oh, dat ass jo guer net wéi am Däitschen! Dat ass awer iwwerhaapt kee Problem, well am Lëtzebuergeschen hu mer einfach eng Reegel, déi seet, wann e Vokal laang ass, an et sinn zwee Konsonanten hannendrunner, da verduebele mer en, egal wéi et an där anerer Sprooch ass.
S: Also gëtt et do eng Reegel.
C: Jo, mee se ass einfach schwiereg, wann een déi aner Schreifweis aus dem Däitsche gewinnt ass. Dorunner kann een awer schaffen! Et ass just schwéier, bei Schreifmuster géint seng Gewunnechten unzekämpfen!
Déi Reegel mécht Wierder zwar och liicht ze liesen, well da weess ech direkt: a! Deen A muss ech laang schwätzen.
S: Ech verstinn.
C: Wa mer eis elo déi Wuertbildung ukucken, ass dat ganz eendeiteg eng Léinform aus dem Däitschen, well mir soe weeder “Gabel” nach soe mer “stapelen”.
S: Eng Gabel ass eng Forschett.
C: … a fir stapelen soe mer tässelen.
Ech weess, ech sinn haut immens vill mat der Ortografie ënnerwee an et ass heiansdo kognitiv schwéier, wann een dat heiten héiert, fir sech dat direkt bildlech a geschriwwe virzestellen, awer ech hunn nach e Schreiftipp fir tässelen! Tässele schreiwe mer am Lëtzebuergesche mat A mat zwee Punkten, well et sech vum Franséisch TAS ofleet, le tas fir de Koup, op deen een eppes leet, eeben tässelt.
S: A wat ass do d’Grondreegel?
C: Ma ëmmer, wann ech de Laut /ä/ hunn an e leet sech of vun iergendengem Wuert mat A, da schreiwe mer net E, mee mir schreiwen “ä”.
S: Hate mer dat net och bei Äddi?
C: Richteg! Well dat vun Adieu (à dieu) kënnt.
Zréck bei de Gabelstapler. D'Gabel nenne mer Forschett a stapelen nenne mer tässelen an trotzdeem nenne mer dat Gefier, fir Paletten ze transportéieren oder gréisser Objeten, e Gabelstaapler. An do ass am Fong d'Iddi, dass e genee beschreift, wéi en ausgesäit resp. wat e mécht, et ass einfach esou eng kleng elektresch Maschinn mat véier Pneuen, heiansdo och mat dräi Pneuen, an déi wier einfach esou eng Forschett mat zwee Zénken an do kann een dann zum Beispill eng ganz schwéier Palett ophiewen.
An dann nach eng kleng Anekdot: Wou ech kleng war, gouf et bei mengen Elteren am Betrib och e Gabelstaapler an ech wier esou gäre mat deem um Terrain gefuer, mee ech konnt net, well, fir dass de Gabelstaapler ugeet, muss genuch Gewiicht am Sëtz sinn an ech war net schwéier genuch, fir de Motor unzemaachen.
S: A bass de dono nach eng Kéier gefuer?
C: Nee, effektiv net! Obwuel ech haut sécher genuch Gewiicht hätt fir d’Kontaktfläch. Et muss ee just schwéier genuch sëtzen, fir dass en ugeet, fir dass e sech net selbstänneg mécht. Beim Wuert Gabelstaapler, hei kéint een elo och soen, ma da maache mer einfach eng lëtzebuergesch Léiniwwersetzung.
S: Wat ass genee eng Léiniwwersetzung?
C: Léiniwwersetzung bedeit, dass ech d'Konzept aus der Sprooch huelen an déi eenzel Wierder iwwersetzen. An dann hätte mer hei wat?
S: Hei hätte mer dann eppes wéi de Forschettentässeler?
C: Deen ass léif, nee? Wann ech awer elo an de Betrib ginn an ech soen, hutt Dir ee Forschettentässeler? Da wëssen déi net, wat domat gemengt ass. Wann ech awer soe Gabelstaapler, dann hu mer dat däitscht Fachwuert an da wësse mer, wat gemengt ass.
An hei kënne mer och an déi aner Sprooche kucke goen, well mir hate jo elo de Gabelstapler aus dem Däitschen. Am Franséischen ass et éischter eng Ëmschreiwung. Do ass et den “Charriot élevateur à fourche”, do seet e ganz kloer, wat e mécht. Et ass e Charriot, et ass en Elevateur, dat heescht e kann eppes erophiewen, an en ass à fourche, well en einfach déi zwee Zénken huet, fir eppes opzehiewen. Flott fannen ech et am Engleschen.
Kenns de dat Wuert?
S: Do ass et den Forklift.
C: Dee gefält mer gutt! … an och do seet en am Fong och ganz einfach, wat e mécht, e lift eppes mat enger Fork, oder et gëtt och nach d'Iwwersetzung Pallet Truck, an dat ass och éischter d'Funktioun, well meeschtens domat Palletten transportéiert ginn.
S: A wat fënns de soll ee soen?
C: Et soll een dat soen, wat engem spontan kënnt, wat déi aner verstinn a wat ee selwer gutt fënnt. Ech si jo keng Sproochpolice, mee Wëssenschaftlerin an einfach intresséiert, wéi d’Leit sech an engem multilinguale Raum debroulléieren.
S: Mee komm mer sinn einfach bësse kreativ: Also wat maache mer lo mam Gabelstaapler?
C: Ech si fir de Forschettelift – ass dach léif? Och wann een d’Wuert elo net sou oft am Alldag gebraucht …
S: Mir bleiwen einfach kreativ a léieren nei Wierder bäi. An elo soe mer merci, Caroline, dass de haut hei waars, a freeën eis op déi nächst Kéier bei WiWi.
C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!