Dës Kéier geet et ëm e Wuert, wat am Lëtzebuergesche vill Nuancen huet: mir kënnen op den Dësch sabbelen, et kritt een eng an d’Sabbel oder den Hond huet Sabbelen un der Schnuff. Wat et alles bedeit a wou et hierkënnt, gitt Dir haut gewuer.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Wouriwwer schwätze mer dann haut?
C: Haut si mer rëm bei engem Wuert, wat en Nolauschterer eraginn huet, an zwar sinn ech nämlech gefrot ginn, wou kënnt d'Sabbel hier?
S: Gutt Fro!
C: Fänke mer mol un: D'Verb “sabbelen” ass elo eppes, wat et esou direkt am Däitschen net gëtt, maache mer eis emol op de Wee, zréck an d’Zäit. Am Mëttelnidderdäitschen, also an der Varietéit, déi an Norddäitschland geschwat gouf virun ongeféier dausend Joer, do gouf et schonn d'Form “sabben”. A “sabben” war “einspeicheln”, also vill Spaut benotzen oder net propper iessen. Sabben geet zeréck op sab – a sap fënnt haut nach am Hollänneschen.
S: Dat heescht Jus, gell?
C: Jo, Sap ass näischt anescht wéi “Saft” mat enger lautlecher Verännerung. Dat heescht Sab/sabben/ geet ëm alles, wat iergendwéi mat Spaut ze dinn huet, mat Jus, deen am Mond produzéiert gëtt, mat Jus, deen aus dem Mond erausleeft, also alles, wat iergendwéi esou kleckert a mat Spaut ze dinn huet.
An dat ass d’Basis fir d’Verb sabbelen. Sabbelen ass also, dass Spaut aus dem Mond erausleeft oder dass een net propper ësst. Dat kann och onkontrolléiert sinn.
S: Sabbelen ass also iergendeppes, wat mam Mond ze dinn huet.
C: jo, ech ginn och dovunner aus, dass “sabbelen” d'Grondbedeitung huet vu “Spaut erauslafen”. Dass zum Beispill de Puppelche sabbelt, wann en d'Zänn mécht – dat ass de Beispillsaz aus dem LOD. Sabbelen am Sënn vu Klecksen oder Kleckeren, dat ass dann wahrscheinlech déi iwwerdroe Bedeitung, dass dat, wat engem aus dem Mond leeft, an dann iergendwéi Flecke mécht. Awer et ass awer och, wann ech zum Beispill eppes aus enger Fläsch erausschëtten, do kann ech och sabbelen.
Et geet also ëm en onkontrolléiert Verschëdde vu Flëssegkeet.
Fir dann awer am Beräich vum Mond ze bleiwen, kann ech awer och soen, wéi de Beispillssaz vum LOD seet: Haalt dach op esou domm ze sabbelen! Hei sinn et Wierder, déi iergendwéi onkontrolléiert aus dem Mond kommen, eppes, wat iwwerhaapt net wichteg ass (am Däitsche géif ee soen “labern”) oder vläicht och Leit, déi mat besonnesch vill Spaut schwätzen.
Kenns de och den Ausdrock “sabbelegt Wieder”?
S: _______
C: Et kann dobaussen och sabbelen, also dass et sou eekleg reent. Do wëll een zwar guer net un d’Grondbedeitung mam Spaut denken.
Mee d'Wieder kann eeben och sabbeleg sinn an do kann et och dobausse sabbelen.
S: A wann een eng an d’Sabbel kritt?
C: An hätte mer e Substantiv, d'Sabbel oder de Pluriel Sabbelen, dat huet am Fong zwou Bedeitungen: an zwar d'Sabbel fir d'Schnëss, also ech kann och engem eng an d'Sabbel schloen, do ass da gemengt “Sabbel” fir dee Beräich am Gesiicht, wou Sabbelen erauskommen. Natierlech an engem méi graffe Langage.
An dann hu mer nach Sabbelen einfach fir de Spaut, wann de Spaut eeben erausleeft, also dass de Puppelche vläicht Sabbelen um Mond huet oder en Hond vläicht och Sabbelen um Mond huet.
An ech mengen, elo sabbele mer net méi vill, a schléisse fir haut of.
S: Mir freeën eis ëmmer, wann s de eis nei Saachen erziels, Caroline, a si ganz gespaant op déi nei Wierder bei Wiwi!
C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!