arrow_back_ios

E puer Wierder iwwer Wierder

Instrospektioun

Lauschteren play_arrow
headphones

6 min

Dës Kéier geet et ëm d'Analys vun sech selwer, afirwat mer mat introspektiven Donnéeën eleng dacks keng Wëssenschaft kënnemaachen.



S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!

C: Moien alleguer, moie Simon!

S: Wat hues de eis haut fir e Wuert matbruecht?

C: Haut gi mer souzesoen op "Tuchfühlung" mat eis selwer, mer schwätzen iwwer Introspektioun. Seet der dat eppes?

S: ____

C: Mäi Latäinsproff wier elo ganz stolz a vläicht och e puer Al-philologen, mee wann s de e Wuert nach net ganz kenns, da muss de einfach kucken: Wéi eng Bestanddeeler dovunner kanns de zesummesetzen? An, komm, maache mer et och eng Kéier zesummen. Also, wéi géifs de et opdeelen, d'Wuert Introspektioun?

S: 'Intro' a 'spektioun'.

C: Intro- steet vir: eran, no bannen. Du kenns warscheinlech Wierder domat?

S: Jo, mmm, introvertéiert.

C: Genee, dat heescht, du bass éischter no banne gekéiert. Anescht wéi extrovertéiert, wou s de no bausse gekéiert bass.

Sou, mir wëssen also, Intro, do ass iergendeppes no bannen. An: Spektioun, vläicht hues de do e Wuert, wat der an de Kapp kënnt?

S: Ech muss elo un eng Inspektioun oder eng Spektiv denken!

C: Béides gutt! Et geet alles op d'Verb 'specere' zréck, wat 'kucken, gesinn, betruechten' am Latäin heescht. Bei der Introspektioun kuckt een also a sech eran. Et betruecht een eppes vu bannen. Et kéint een et och Bannebeobachtung nennen. Dat gëtt et effektiv an der Psychologie, mee eeben och an der Linguistik.

S: A wat ass domat gemengt? Also an der Sproochwëssenschaft?

C: Et bedeit, dass ech meng Meenung, wéi eppes an der Sprooch funktionéiert, als éischt emol dorobber baséieren, wéi ech et empfannen. Dat kann eng kleng Fro sinn iwwer eng Endung: Sees de zwee Aadler oder zwee Aadleren. Introspektiv ass, wann s de mol selwer kucks, wat s du méchs. Ech mengen, ech soe béides. Ass awer just eng éischt Aschätzung an dat ass och just e Gefill, reell kann anescht sinn. Dat ass u sech net falsch, iergendwou muss ee jo schliisslech ufänken.

Et ass jo och esou, dass e Mammesproochler normalerweis eng ganz gutt Intuitioun huet vun deem, wat en an der Sprooch fir méiglech ugesäit. Dat betrëfft awer och verschidde Forme vun der Variatioun.

S: Wéi mengs de dat genee?

C: Ma et wäert een introspektiv relativ séier soe kënnen, ob 'du ëss' oder 'du iess' richteg ass. Do gëtt et keng Nuancen. Wann ech awer wësse wëll, ob een elo "Framënsch" als neutral, positiv oder negativ ugesäit, muss ech scho méi Leit froen, fir en authentescht Bild ze kréien.

S: A jo, well et vläit Ënnerscheeder tëscht de Leit gëtt.

C: Genee, an déi kann ech net a mir selwer fannen, dofir erfuerschen ech eppes.

An da geet et an der Linguistik eeben net duer, just ze kucken, wat ee selwer mécht oder wéi een et selwer empfënnt. Komm, mer kucke mer eng Kéier, du hues eng Variant A an eng Variant B, da kann et sinn, dass du sees, A ass richteg a B ass falsch. Et kann awer och sinn, dass de sees, A fannen ech besser a B net esou gutt, béid sinn awer akzeptabel. Oder jee no Kontext benotz de A oder B. Dofir sinn och Ëmfroen net ëmmer ganz einfach. Se ginn awer eeben e gutt Bild, wat ee méi Leit freet a wann een d'Froe gutt stellt.

S: Also ass Introspektioun schlecht?

C: Nee, net direkt. Gutt, dass de frees, well hei muss een ënnerscheeden: Wann ee vill Leit freet, da berout dat jo och op hirer Introspektioun (si erkläre jo hiert Gefill), awer eebe vu ville Leit. Et gëtt da problematesch, wann d'Introspektioun vun enger Persoun déi ganz Methodik ass. Dat gëtt och gären 'Armchair Linguistics' genannt. Awer, esou wéi ganz fréier och Grammairë geschriwwe gesinn, do ass einfach eng immens intelligent Persoun an déi huet sech esou zréckgeleent an hirem Stull an dann huet se esou den Aarm opgeluecht an dann huet se sech ganz schlau Gedanke gemaach an déi dann notéiert.

Fir all Zort Brainstorming kann Introspektioun natierlech de Startpunkt sinn, well ech sinn déi meescht Zäit a mengem Kapp an dat ass jo och do, wou Iddien entstinn. Mee Iddien fléissen dann an e Rechercheprojet. An da muss ech kucken, wéi maachen d'Leit dat? An da freet een se a kritt e bessert Bild vum Phenomeen oder der eegener Theorie.

S: A wann dat net geet oder kee matmécht?

C: Ech perséinlech schaffen och gär mat engem Korpus, also wou ech risegrouss Textsammlungen op bestëmmt Konstruktiounen duerchsichen. An do muss ech soen, war ech am Summer ganz traureg, wou ech gelies hunn, dass d'RTL-Commentairen ofgeschalt ginn, net well ech dat fir eng ganz speziell Spillplaz fonnt hunn an der lëtzebuergescher Internetwelt, mee well dat wierklech fir d'lëtzebuergesch Linguistik eng immens Source war, fir einfach ganz vill Sproochproduktioun ze gesinn. Fir meng grammatesch Fuerschung ass dat super! Mee och esou schreiwen d'Leit vill Lëtzebuergesch an dat mécht mech frou. Da kann ech mer nees vill Gedanke maachen – wéi gesot, Introspektioun ass een Deel vun der Aarbecht – an déi a menger Recherche verschaffen, andeem ech Theesen a Beispiller zesummestellen.

S: Mir soen der merci fir déi Zort Aarbecht, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs.

C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Instrospektioun

Dës Kéier geet et ëm d'Analys vun sech selwer, afirwat mer mat introspektiven Donnéeën eleng dacks keng Wëssenschaft kënnemaachen.
headphones

6 min

play_arrow

fuschnei

Déi Episod hei ass nei – fuschnei! Haut kucke mer, wat eigentlech 'fusch' bedeit a wéi eng lautlech Prozesser bei dësem Wuertdeel wichteg sinn.
headphones

5 min

play_arrow

Päerdsbüfdeck

Dës Kéier geet et ëm de Büfdeck a firwat verschidde Wuertdeeler hir Bedeitung verléieren. Donieft geet et och ëm Päerdsfleesch a schlecht Witzer.
headphones

6 min

play_arrow

Proximitéit

Dës Kéier geet et ëm Wierder, déi keen direkte Pendant am Lëtzebuergeschen hunn a firwat dat guer net esou schlëmm ass.

vu que datt

Dës Kéier geet et ëm eng Niewesazaleedung, déi mir aus dem Franséische geléint an hallef integréiert hunn: vu que / vu datt.
headphones

5 min

play_arrow

Bauerefra

Dës Kéier geet et ëm Fraen, déi an der Landwirtschaft schaffen a Begrëffer, déi méi oder manner kloer sinn.
headphones

6 min

play_arrow

Dialekt

Dës Kéier geet et ëm d'Fro: Ass Lëtzebuergesch eng Sprooch oder en Dialekt?
headphones

7 min

play_arrow

Pony

Dës Kéier geet et ëm Päerd, Hënn a Coiffuren!
headphones

6 min

play_arrow

kussen

Dës Kéier geet et ëm Romantik, Spaut a gutt Bakteerien.
headphones

6 min

play_arrow

grunscheg

Dës Kéier geet et ëm Wierder, déi een net dacks héiert, déi awer ganz praktesch am Alldag sinn! Donieft geet et och ëm partizipativ Wëssenschaft.
headphones

5 min

play_arrow

Quantitéitsreegel

Dës Kéier geet et ëm déi zentral Reegel vun der aktueller Lëtzebuerger Orthografie. Donieft léiere mer och eppes iwwer d'Geschicht vun der Schreifweis.
headphones

6 min

play_arrow

orange

Dës Kéier geet et ëm séiss a batter Orangen a firwat d'Portugisen dofir bis a China gefuer sinn. Donieft geet et och ëm nasal Lauter.
headphones

6 min

play_arrow

mof

Dës Kéier geet et ëm eng ganz schéi Faarf: mof. Mir schwätzen iwwer d'Orthografie, franséisch Wierder a Blummen.
headphones

6 min

play_arrow

Outfit

Dës Kéier geet et ëm Outifts an d'Fro, ob mir e schéinen oder e schéint Outfit kënnen hunn. Donieft schwätze mir och iwwer d'Académie française.
headphones

7 min

play_arrow

bosseg

Dës Kéier geet et ëm bosseg Geschichten iwwer bosseg Wierder. Mee wien ass hei de "boss"?
headphones

6 min

play_arrow

spannend

Dës Kéier geet et ëm eppes, wat spannend ass! Nämlech de Participe présent a firwat mir esou Wierder wéi "spannend" ganz onbeandrockend fannen.
headphones

6 min

play_arrow

plënneren

Dës Kéier geet et ëm Plënneren an ëm d'Tatsaach, dass plündern a plënneren am Fong op déi selwecht Iddi zréckginn.
headphones

5 min

play_arrow

Hellewull

Dës Kéier geet et ëm vill Saachen, e Koup Saachen, e Risekoup. Eng Hellewull.
headphones

6 min

play_arrow

Pippi

Dës Kéier geet et ëm Waasserloossen a firwat mIr do ëmmer iwwer eng Plaz schwätzen. Donieft schwätze mIr och doriwwer, wéi mer zu der verduebelter Silb Pi a Pi kommen.
headphones

6 min

play_arrow

Avocado

Dës Kéier geet et ëm Botterbieren, Kierperdeeler an Azteekesch, oder kuerz: ëm d'Avocado!
headphones

6 min

play_arrow