Een zwee Jazz
Nei Musek vun Duo Chroma a vun der Nubya Garcia
63 min
- Zanter hirem éischten Treffen hunn de Pianist Sebastian Voltz an de Gittarist Gilles Grethen eng staark musikalesch Verbindung gespiert. Hir Usätz um Piano an der Gittar schénge sech perfekt ze ergänzen, an hir waarm Klangfaarwen, déi si allebéid proposéieren, verbannen sech mat Liichtegkeet. No e puer gemeinsame Sessions an der Jazzzeen vum Saarland hunn déi zwee decidéiert, hir kënschtleresch Verbonnenheet an e gemeinsame Projet ëmzesetzen an esou ass de Chroma-Projet entstanen. Hiren éischten eponymeschen Album, “Chroma”, koum den 8. November eraus.
- Den aktuellen an zweeten Album vun der Nubya Garcia, “Odyssey”, released bei Concord Jazz, ass e majestéitescht Wierk, dat orchestral Arrangementer mat R&B, Jazz, Broken Beat an Dub verbënnt. D'Resultat ass e facettëräichen, nuancéierten Album, dee sech liicht a sphäresch ufillt, ouni de Groove ze verléieren.