Radioen

On air

Notturno  |  Courtney Barnett - Avant Gardener

play_arrow Live
arrow_back_ios

Ernärung uechter d'Welt

100komma7.lu / Ernärung uechter d'Welt

/ Destinatioun Norwegen

Destinatioun Norwegen

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Mir reesen no Norden, an dat néngt gesondste Land vun der Welt, d‘Land vun de Fjorden: Norwegen.
Déi traditionell norwegesch Ernärung, och als Wikingerdiät bekannt, charakteriséiert sech duerch vill regional Geméis, Uebst an allméiglech Zorte vu faarwege Bierefriichten, déi well do wuessen.
Déi Haapteewäissquell sinn d‘Fësch, virun allem Saumon, Makréil oder de Skrei, de Wanterkabeljau, deen an de Lofote gefëscht gëtt.
Dernieft sti Rendéier oder Elch a Schofsfleesch um Menu. Well d’Summere kuerz an d’Wantere laang sinn, gëtt ganz grousse Wäert op gutt Konservéirungsmethode geluecht, wéi gedréchenten oder gereecherte Fësch a fermentéiert Uebst a Geméis.

An Norwege gëtt et keng Pyramid, mee e groussen Disk fir gesond Ernärung duerzestellen.
Eng Rei Studien hu gewisen, datt dësen Iessstil, ähnlech wéi bei der mediterraner Diät, de Stoffwiessel verbessert an de Risiko vun Häerzkreeslaferkrankungen erofsetzt. E gouf als d’Wikingerdiät bekannt.

Reference:
https://www.bzfe.de/service/news/aktuelle-meldungen/news-archiv/meldungen-2023/juli/neue-nordische-ernaehrungsempfehlungen/.(s.d.). Récupéré sur https://www.bzfe.de.
https://www.fao.org/nutrition/education/food-dietary-guidelines/regions/countries/norway. (s.d.). Récupéré sur https://www.fao.org.
https://www.fischausnorwegen.de/rezepte/.(s.d.). Récupéré sur https://www.fischausnorwegen.de.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Destinatioun Spuenien, d’Land vum flëssege Gold an dat gesondste Land vun der Welt

Destinatioun Spuenien, d’Land vum flëssege Gold an dat gesondste Land vun der Welt

Et brauch méi wéi Paella a Gazpacho, fir als gesondst Land vun der Welt aklasséiert ze ginn.
headphones

4 min

play_arrow
Destinatioun Italien - méi wéi Pizza a Pasta

Destinatioun Italien - méi wéi Pizza a Pasta

Interessant ass net nëmme wat, mee och wéi d’Italieener hiert Iesse genéissen.
headphones

3 min

play_arrow
Destinatioun Island, d’Land vun den Vulkaner, Gletscher a Geysiren

Destinatioun Island, d’Land vun den Vulkaner, Gletscher a Geysiren

Traditionell ernäre sech d’Islänner haaptsächlech vu Fësch a vun Hämmelfleesch.
headphones

3 min

play_arrow
Destinatioun Japan, dem Land vum Laachen

Destinatioun Japan, dem Land vum Laachen

Eng Iesskultur, an där d‘Téizeremonie an den Hara Hachi Bu niewenteneen harmonéieren.
headphones

4 min

play_arrow
Destinatioun Schwäiz

Destinatioun Schwäiz

Nieft der Auer an dem Messer gehéieren och Schockela a Müsli zu Swissness
headphones

4 min

play_arrow
Destinatioun Schweden

Destinatioun Schweden

Net ze vill, net ze wéineg, mee genee richteg fir jiddwer Eenzelen
headphones

3 min

play_arrow
Destinatioun Australien, e Land vun de Kontraster

Destinatioun Australien, e Land vun de Kontraster

Vu Bush-Tucker zu Fastfood, an eng Kinnigin vun den Nëss
headphones

4 min

play_arrow
Destinatioun Norwegen

Destinatioun Norwegen

Mediterran an en Hauch vu Wikinger
headphones

4 min

play_arrow
Destinatioun Lëtzebuerg

Destinatioun Lëtzebuerg

Ernärung zu Lëtzebuerg, gepräägt duerch déi kulturell Vilfalt vun der Bevëlkerung: Mir iesse vill ze vill séiss, fetteg a salzeg Produkter, déi dacks ultra transforméiert sinn.
headphones

6 min

play_arrow