Déi Europäesch Kommissioun proposéiert Mesuren, fir dem ugeschloene Wäibausecteur ze hëllefen.
An der EU ass de Wäikonsum an de leschte Jore permanent erofgaangen. D’Wäiproduktioun leit och ënner dem Klimawiessel, der Inflatioun an onstabille Präisser. D’Länner solle méi Méiglechkeete kréien d’Wënzer finanziell ze ënnerstëtzen.
D’Europäesch Unioun wier de Leader vun der Wäiproduktioun a vum Export op der Welt, dorunner huet den Agrar-Kommissär Christophe Hansen an engem Communiqué erënnert. Déi proposéiert Mesurë sollen dofir suergen, datt de Secteur kompetitiv bleift.