Déi koreanesch Batteuse a Perkussionistin Sun Mi Hong mécht sech zënter enger Rei Joren iwwerall an der europäescher Jazzzeen ee gudden Numm. Hir Walheemecht Amsterdam fënnt si no hire Studien a si zeechent sech duerch eng kompromësslos Recherche no neie Sounds an engem steady Drive aus. An der Traditioun vun engem Elvin Jones, awer gär och méi an d'Richtung Free tendéierend, pendelt hiert Spill an hir Kompositiounen tëschent cleverer Benotzung vun Espace an engem tighte Swing hin an hier. De Bida Orchestra ass een All-Star Sextet, dee sech zesummesetzt aus feinsten europäesche Museker:innen, huet sech op der Main Stage vum Saalfelden Jazz Festival de 24.08.25 d'Éier ginn.
Playlist:
01. Sun-Mi Hong - Temple of a Thousands Neon Leggings
02. Sun-Mi Hong - Invisible Ropes
03. Sun-Mi Hong - Dust Bowl 1
04. Sun-Mi Hong - Dust Bowl 2
05. Sun-Mi Hong - Running Horse Candle