arrow_back_ios

Jazz Club

100komma7.lu / Jazz Club

/ De Christian McBride Quintet

De Christian McBride Quintet

play_disabled

De Christian McBride ass e Fiels an der Brandung fir all Band, an där hie spillt. D'Sënnbild vun engem moderne Kontrabassist, deen e Sound an e Swing huet wéi keen Zweeten an dee scho mat deene Gréisste vun der Welt gespillt huet. Hien huet a sengem eegene Projet eng gutt Händche fir jonk Talenter, deemno besteet säi Quintett aus der Nicole Glover (Tenorsaxofon), dem Ely Perlman (Gittarist), Mike King (Piano) an dem Savannah Harris (Batterie), vun deene kee méi al wéi 35 Joer ass. Si hu sech am berüümte Porgy & Bess Jazz Club zu Wien d'Éier ginn an zwee fulminante Sette gespillt, vun deene mir hei en Extrait lauschteren.


Playlist:

01. Mike King - Smo (=some more)

02. Christian McBride - Familiar Steps

03. Savannah Harris - More is

04. Mike King - To Check

05. Christian McBride - Morning Story

mic_none

Presentateuren

Episoden

De Christian McBride Quintet

De Christian McBride Quintet 2024 zu Wien am Porgy and Bess Jazz Club
play_disabled

Sonic Feast - Eröffnungsconcert vum 2025 Saalfelden Jazz Festival

De Leonhard Skorupa, Wiener Klarinettist, Saxofonist, Komponist a groussaartegen Improvisateur, krut d'Commande fir déi 45. Editioun vum Festival am Salzburger Land opzemaachen.
play_disabled

Sun Mi Hong Bida Orchestra Live at Saalfelden Jazz Festival 2025

Déi koreanesch Batteuse a Perkussionistin Sun Mi Hong mécht sech zënter enger Rei Joren iwwerall an der europäescher Jazzzeen ee gudden Numm.
play_disabled

100 Joer Miles Davis - Live zu Melbourne 1988

Mir feieren eng Legend!
play_disabled

100 Joer Miles Davis - Live zu Helsinki 1967

Mir feieren eng Legend!
play_disabled

WDR Big Band - Best of Test at the WDR Jazz Club

Live aus dem Klenge Sendesaal vum Westdäitsche Rundfunk zu Köln; WDR Big Band
play_disabled

James Brandon Lewis Quartet live at Tampere Jazz Happening

Den James Brandon Lewis Quartet huet den 01.11.25 Live um Tampere Jazz Happening gespillt. Mir lauschtere eran.
play_disabled

The Bad Plus feat. Chris Potter and Craig Taborn live at Saalfelden

Den Dave King an de Reid Anderson spille mam Chris Potter a Craig Taborn op der 45. Editioun vum Saalfelden Jazzfestival.
play_disabled

De Mathias Eick Quartet live aus dem Rolf Liebermann Studio vum NDR

Den Norweger Mathias Eick spillt mat sengem Quartett live am Rolf Liebermann Studio vum NDR
play_disabled

Fergus McCreadie live at Leverkusener Jazztage

De Fergus McCreadie spillt mat sengem Trio am Erholungshaus op de Leverkusener Jazztage.
play_disabled

Nils Landgren Funk Unit 30th Anniversary

De 26. Juni 2024 war dem Nils Landgren seng Funk Unit um Jazz Baltica um Timmerndorfer Strand ze héiere fir ee Gebuertsdagsconcert mat enger Rëtsch illustere Gäscht.
play_disabled