Zanter bal 7 Joer ass Groussbritannien net méi Member vun der EU. Bleift dat esou? Mam neie britesche Premier Andy Burnham kéint nees Beweegung an d’Spill kommen.
Groussbritannien hätt duerch den Austrëtt méi verluer, ewéi gewonn, sou den Andy Burnham vrun e puer Deeg zu London. E Freideg gesäit de brittesche Premier d’EU-Spëtzten zu Bréissel fir deen zweeten EU-Groussbrittannien-Sommet. Wat ass do ze erwaarden? Kéinten d’Vereente Kinnekräich effektiv enges Dags nees Member vun der Europäescher Unioun ginn?
Dat froee mir den David McAllister, hien ass Europapedeputéierten vun der däitscher CDU an am Europaparlament de President vun der aussepolitescher Kommissioun.