One World
The Imagined Village
55 min
De Bassekou Kouyate ass e Meeschter op der Ngoni, eng traditionell Laute aus Westafrika. Mir lauschteren eng Zesummenaarbecht mam Afel Bocoum, Sänger a Gittarist, dee mam groussen Ali Farka Touré gespillt huet.
Déi amerikanesch Straicher vum Kronos Quartet gi gären déi ënnerschiddlechst Collaboratiounen an. Hei héiere mir se zesumme mat den iranesche Sängerinne Mahsa a Marjan Vahda. Eng alleréischt Zesummenaarbecht, déi um Album “Placeless” ze fannen ass.
Tam Lin ass eng al schottesch Ballade, déi nei oplieft an engem Projet vum Peter Gabriel, dee lauter Star-Artisten zesumme getrommelt huet fir dës Geschicht nei ze erzielen. Bei “Tam Lyn Retold” héiere mir ë. a. de Billy Bragg, Paul Weller, d’Sheila Chandra, d’Dhol Foundation an de Benjamin Zephaniah. Dës All-Star-Band gouf The Imagined Village gedeeft …
Playlist:
1. Arooj Aftab - Raat Ki Rani - Night Reign
2. Yona - Dancing in the Desert - Eclectic Harmonies
3. Piers Faccini - Uncover My Eyes - Tearing Sky
4. Baaba Maal - Yerimayo Celebration - Being
5. Bassekou Kouyate & Ngoni Ba - Tabital Pulaaku (feat. Afel Bocoum) - Miri
6. Kanazoé Orkestra - Djoroko (feat. Dobet Gnahoré) - Tolonso
7. Erik Truffaz - In Heaven (feat. Bertrand Belin) - Clap!
8. Jasdeep Singh Degun - Lament
9. Mahsa Vahdat, Kronos Quartet & Marjan Vahdat - My Ruthless Companion - Placeless
10. The Imagined Village - Tam Lyn Retold
11. Anthony Joseph - The Gift - The Rich Are Only Defeated When Running for Their Lives
12. Nguyên Lê - Up from the Skies - Purple - Celebrating Jimi Hendrix