"Atse Tewodros Project" ass eng Initiativ vun der Gabriella Ghermandi, déi dës musikalesch Collaboratioun ausgeschafft huet tëschent äthiopeschen an italieenesche Museker:innen. Dëse Projet hellt als Symbol de Kaiser Tewodros ...
De Voodoo, dës mächteg afrikanesch Relioun, mat där ee sech léiwer net uleet! Voodoo Game, esou nennt sech eng Formatioun ronderëm de Peter Solo, deen aus dem Togo kënnt an haut a Frankräich lieft. Am Togo gehéiert de Voodoo zu der Vollekskultur an huet säin ekstateschen Zauber och an der Musek hannerlooss.
Haiti huet eng räich Musekstraditioun. Lakou Mizik ass e Grupp, an deem méi Generatiounen zesumme musizéieren.
D’Cellistin Leyla McCalla huet och hir Originnen op der Insel …
"We are all people from one root just different branches", dat ass de Manifesto vum Koraspiller Solo Cissokho aus dem Senegal an der Indre aus Litauen. Si spillt verschidden traditionell Säiteninstrumenter a sengt. Eng interessant Renconter.
Am Dschungel vu Calais goufen am Oktober 2016 méi wéi 9.000 Migrante gezielt, déi op eng Méiglechkeet an England auszewandere gewaart hunn. "The Calais Sessions (Various Artists, Featuring Musicians of the Calais ‘Jungle’)" esou ass en Album iwwerschriwwen, bei deem d’Cellistin Vanessa Lucas-Smith an aner an England baséiert Museker Lidder opgeholl hunn, zesumme mat onbekannte Museker aus dem Refugee Camp vum sougenannte Calais Jungle. D’Stécker op dëser Anthologie sinn esou ënnerschiddlech wéi d’Mënschen, déi do versicht hunn ze iwwerliewen.
(Rediff. vum 30.12.2019)
Playlist:
01. Gabriella Ghermandi - Atse Tewodros - The Best World Music You’ve Never Heard
02. Anansy Cissé - Sekou Amadou - The Best World Music You’ve Never Heard
03. Vaudou Game - Locataire - Kidayu
04. Vaudou Game - Revolution - Kidayu
05. Lakou Mizik - Peze Kafe - Wa Di Yo
06. Leyla Mc Calla - Peze Café - A Day For The Hunter, A Day For The Prey
07. Leyla Mc Calla - A Day For The Hunter, A Day For The Prey
08. Solo & Indre - Damma-Gerve - The Best World Music You’ve Never Heard (Rough Guide)
09. Moheddin Aljabi, Ismail Kaseem, Louai Alhenawi & Roskar Nasan - The Lost Singer - The Calais Sessions (Various Artists, Featuring Musicians of the Calais ‘Jungle’)
10. Carolina Ferrer, Jesus Bellosta Flores, Carl Burgess & Vanessa Lucas-Smith - La Llorona - The Calais Sessions (Various Artists, Featuring Musicians of the Calais ‘Jungle’)
11. Kefaya - Protesta Flamenca (feat.Chico Pere) - Radio International
12. Kefaya - Interference 06 - Radio International
13. Stand High Patrol - Sleep On It - Nova Tunes 3.1 arious Artists