arrow_back_ios

One World

Got Soul

Lauschteren play_arrow
headphones

56 min

De Kiwi Andrew Spraggon entdecke mir hei mat sengem Projet Sola Rosa a mir gi gewuer, wou d’Wuert ‘Kiwi’ hierkënnt.

De Keyboarder a Sänger Dele Sosimi ass am Ëmfeld vum Fela Kuti grouss ginn. Mat senger Band The Estuary 21 léisst hien e Sound erkléngen, an deem d’Influenzen zesummefléissen: Afrobeat, Jazz a Pop.

Mat hirem neien Album “Rhapsody” erfuersche The Harlem Gospel Travelers eng manner bekannten awer wichteg Era an der Evolutioun vun der Gospel Musek.

Dem Al Green säin Album “Call Me” aus dem Joer 1973 gëtt ugesinn als e Meeschterwierk an ass vläicht dee beschte Soul-Album iwwerhaapt ...

De Batteur Homer Steinweiss, kuerz Homer, huet fir vill bekannte Retro-Soul-Gruppe gespillt, dorënner en Amy Winehouse oder Sharon Jones. Hien ass e gefrote Batteur, dee vu ville bekannten Artiste sollicitéiert gëtt. Säin neien Album ënner sengem Numm gëtt fir de 15. November ugekënnegt an hei bei One World elo schonn e klenge Virgeschmaach.

En aneren neien Album, deen Enn November erauskomme soll, ass dem englesche Singer-Songwriter Jono McCleery säi “Reconcile”. Eng zäitlos Musek ouni iwwerflëssege Chichi, an déi beréiert.


Playlist:

1. Sola Rosa - Del Ray - Get It Together

2. Dele Sosimi & The Estuary 21- Ride out the Storm (feat. Get Cape. Wear Cape. Fly) - The Confluence LP

3. Ben Harper - Problem Child - Bloodline Maintenance

4. Jean-Jacques Milteau - Jack the Man (feat. Demi Evans) - Fragile

5. The Harlem Gospel Travelers - Get Involved - Rhapsody

6. Al Green - Your Love Is Like the Morning Sun - Call Me

7. Kelly Finnigan - Santa's Watching You - A Joyful Sound

8. Homer - Deep Sea (feat. Hether) - Ensatina

9. Donna Blue - Cup of Time - Dark Roses

10. Beth Gibbons - Floating on a Moment - Lives Outgrown

11. Nick Cave & The Bad Seeds - Wild God - Wild God

12. Jono McCleery - To See You Again - Reconcile

13. Cerys Hafana - The Wife of Usher's Well - The Bitter - EP

14. Marcus Gad - Honoring the Soil - Rhythm of Serenity

Episoden

From Now & Then

Neo-Soul, Surf-Rock, e Sënn fir Groove, Laid-Back instrumental-Titelen an e puer onëmgänglech Klassiker.
headphones

57 min

play_arrow

Electro-Fusion

Elektro-Métissagen mat Soul, arabesche Kläng an R&B, inspiréiert Kollaboratiounen an atmosphäresch Klanglandschaften.
headphones

57 min

play_arrow

L’anghjuli (A-Filetta)

World-Fusioun aus de 90er a vun haut, en Hommage un de Grënner vum Mali-Empire, Vokal-Traditiounen an e legendäre Blues.
headphones

57 min

play_arrow

International

Vun Atmosphäresche Klanglandschaften bis zum Progressive Pop-Funk am Retro-Stil an e Mammut-Projet dee Süd-Afrika mat England verbënnt.
headphones

57 min

play_arrow

Experiments

Verschidde Stiler aus Latäin-Amerika, Renconteren tëscht de Genren a musikalesch Experimenter
headphones

57 min

play_arrow

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow