arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Explizit Lyrics

Explizit Lyrics

Lauschteren play_arrow
headphones

56 min

Déi zu Ho Chi Minh City baséiert Band Saigon Soul Revival léisst d’Musek vu Saigon aus de 70er Joren nei opliewen…


Mam Album “Acoustic” revisitéiert d’Diva Oumou Sangaré aus dem Mali sech selwer, an zwar Lidder aus hirem viregten Opus “Mogoya”.


D’Dolly Parton an de Mëtt 70er benotzt ausgeleiert, second-hand Saachen aus engem Discounter als Metapher fir eng Fra, déi geschiedegt ass vun enger toxescher Bezéiung …


Der Beyoncé hiren Titel “Daughter” beréiert souwuel musikalesch wéi och um Niveau vun de Lyrics. De Charakter an dësem Lidd ass héich interessant …


D’Woody Simmons ass bekannt fir hiren eenzegaartege Banjo-Stil, si spillt och de Piano an d’Mandolinn, hei eng kleng Pärel vun 1976.


Traditionell Musek aus Galizien héiere mir interpretéiert vun engem Accordeon an enger Gei vu Caamaño & Ameixeiras, zwou jonk Musekerinnen, déi eng eege Sprooch erfannen …


Ballaké Sissoko (Kora) a Vincent Segal (Cello) op där enger Säit, op där anerer Vincent Peirani (Accordeon) an Emile Parisien (Saxophon). Dës 4 Artiste passe perfekt zesummen. Hiren neien Album “Les Égarés” schaaft eng poetesch Klanglandschaft, Virtuositéit vun all eenzelen a gläichzäiteg d’Konscht Komplizen an der Musek ze sinn … e Genoss pur, dee mer och live erliewe kënnen, an zwar de 15. Dezember an der Philharmonie.


Playlist:

1. Saigon Soul Revival - Ai Thật Lòng Yêu Ai - Mối Lương Duyên

2. Kit Sebastian - Faust - New Internationale

3. Bixiga 70 - 100% 13 - III

4. Mo’kalamity - Under the Rain (feat. The Wizards) - Freedom of the Soul

5. Oumou Sangaré - Saa Magni - Acoustic

6. Neil Young - Lookin' for a Leader – 2020/ Single

7. Dolly Parton - The Bargain Store - Bargain Store

8. Beyoncé - Daughter - Cowboy Carter

9. Kaia Kater - Mechanics of the Mind - Strange Medicine

10. Magnolia Electric Co - Talk To Me Devil Again - Fading Trails

11. Woody Simmons Fo- Grey Today - Folk Is Not a Four Letter Word 2

12. Caamaño & Ameixeiras - A pequeña morte - Quitar o aire

13. Vincent Peirani, Vincent Segal, Ballaké Sissoko & Emile Parisien - Izao - Les Égarés

Episoden

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow

Womad Festival 2026

De Womad Festival 2026 mécht seng Dieren op vum 23-26 Juli am Neston Park zu Corsham. Mir entdecke spannend Artisten, Newcomer an och confirméiert Gréissten.
headphones

56 min

play_arrow

On the Road

Um Wee tëscht Kaboul a Bamako oder tëscht Indien a Frankräich, mir entdecken eenzegaarteg Zesummenaarbechten.
headphones

54 min

play_arrow

Unchanging Game

Neiegkeeten déi d’Welt vun haut refletéieren, zwou faméis Gittaren déi op Lëtzebuerg kommen an douce Kläng aus Brasilien.
headphones

57 min

play_arrow

Hip and Hop

Decouverte aus dem Sudan, Musek aus dem Libanon an Italie vun de 70er Joren an e "conscious" Rap.
headphones

55 min

play_arrow