Radioen

On air

Notturno  |  Ray LaMontagne - Forever My Friend

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Flower of the soul

Flower of the soul

headphones

57 min

Lauschteren play_arrow

Tank and the Bangas ass e Grupp vun New Orleans, deen eng Kollektioun Spoken Word an 3 Deeler viru Kuerzem verëffentlecht huet: “The Heart, The Mind, The Soul” iwwerschriwwen. Mir entdecken e richteg coole Spoken Word!

Gläich e puer nei Nimm aus Brasilien hei bei One World, dorënner deen neien Album “Curryman II” vum Rogê. Hei komme bekannte Museker zesummen an enger Produktioun, déi d’Wuerzele vun der brasilianescher Musek an Éieren hält.

Aner spannend Zäitgenosse vun der brasilianescher Musek sinn de Zé Nigro, deen iwwer 30 Joer als Produzent a Multiinstrumentalist fir aner Artisten täteg war, an deen aktuell säi Solo-Projet “Silêncio” verëffentlecht.

Dann och ze verhalen dee schéinen Debut-Album “Flower of the Soul” vun der Liana Flores: Eng an 11 Titele gepackte Meditatioun iwwer d’Vergänglechkeet vun allem …

Den Amadou Traoré, besser bekannt als Amadou Balaké, war e populäre Sänger aus Burkina Faso, deen an enger Zäitspan vun iwwer 50 Joer Disken opgeholl huet. Den Amadou Balake war iwwregens och e Member vun der senegaleesescher Salsa Band Africando.

Decouverte déi Kéier och déi éischt Single vum schweedeschen Artist Art Longo aka Gustav Jennefors.”Echowah Island”: säin Debut-Album wäert deemnächst erauskommen. Hei en éischte Virgeschmaach vun dëser faarweräicher tropescher Spych-Pop, déi mat Dub a Ska ugeräichert ass.

De britteschen Jazz-Quintett Ezra Collective mat hirem Album “Dance, No One's Watching” ass entstane wärend der Band hirer Welttournée 2023. Et ass hir Dokumentatioun souzesoen vun de verschiddenen Dance-Floors, deene si begéint sinn, vu London bis Chicago, vu Lagos bis Sydney.

Deen neien Album “Karaoke Moon” vu Warhaus, bei deem déi schéi Stëmm vum Maarten Devoldere am Virdergrond steet, awer net nëmmen … loosst Iech iwwerraschen.

Playlist:
1. Tank and the Bangas - They Don’t See/Whole Foods (feat. aja monet) - The Heart, The Mind, The Soul (Deluxe)
2. Rogê - Vida Voa - Curyman II
3. Liana Flores - Halfway heart - Flower of the soul
4. Zé Nigro - Gorjeios (feat. Arthur Verocai) - Silêncio
5. Amadou Balake - Migoussia - Taximen
6. Alostmen - Kologo (feat. Wanlov the Kubolor) - Teach Me
7. Art Longo - Quantum Ceviche - Quantum Ceviche - Single
8. Olivia Dean & Ezra Collective - No One's Watching Me (feat. Olivia Dean) - Dance, No One's Watching
9. Gorillaz - Désolé (feat. Fatoumata Diawara) - Song Machine, Season One: Strange Timez
10. Warhaus - No Surprise - Karaoke Moon
11. Warhaus - Jacky NA - Karaoke Moon
12. Norma Winstone & Kit Downes - Rowing Home
13. Sylvie Kreusch - Home - Comic Trip

Episoden

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etapp a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.
headphones

56 min

play_arrow

Tour du Monde

Vu Brasilien op d’Capverdianesch Inselen a vun do aus weider an Australie mat villen neien Disken an Decouverten.
headphones

57 min

play_arrow

Eclectic Harmonies

Nei-Verëffentlechungen, eng Avant-Première a schéi Stëmmen!
headphones

56 min

play_arrow

Lagos-Paris-London

Dub an Afrobeat vu Lagos, e Komponist vu Filmuseke begéint e Popmuseker an ee Soundtrack aus Südafrika
headphones

56 min

play_arrow

Happy New Year

Raffinéiert Kläng vun Nottingham, zwou onëmgänglech belsch Formatiounen an en Openthalt a Westafrika
headphones

57 min

play_arrow

A Lover was born

Soul Musek an anerer, déi mat Häerz a Séil derbäi sinn; Jazz, Funk, Soul an Hip-hop matenee vermëscht war Enn 80er ufanks 90er e Genre bekannt als Acid-Jazz …
headphones

56 min

play_arrow

el espacio entre

Neiverëffentlechung vun 3 Vinyl-LPen, déi d’Wierk vun engem geschätzten englesche Museker beliichten, futuristesch Kläng aus Spuenien an aner spannend Klangwelten
headphones

56 min

play_arrow

Wierder an Nouten

E bësse Mariachi-Spaghetti-Western-Feeling, de mutéierte Flamenco vun haut, den Afrobeat trëfft op de Rock an d’Wierder vum Herman Hesse, déi sech mat Nouten ëmginn.
headphones

56 min

play_arrow

Explizit Lyrics

De Klang vu Saigon an de 70er, e bësse Country, gudde Songwriting an eng exzeptionell Collaboratioun, déi och elo geschwënn zu Lëtzebuerg ze gesinn ass.
headphones

56 min

play_arrow

Fuzzy

En $10 Cowboy, déi éischt Schrëtt vu Museker, déi spéider weltbekannt goufen an nach e Bléck op d’Transmusicales vu Rennes vum 4.-8. Dezember.
headphones

57 min

play_arrow

Transmusicales and more ...

E Bléck op d’Transmusicales vu Rennes (Deel 2), e Retour an d’70er, vill Decouverten an eng Raritéit

Transmusicales and more ...

E Bléck op d’Transmusicales vu Rennes (Deel 2), e Retour an d’70er, vill Decouverten an eng Raritéit
headphones

61 min

play_arrow

Got Soul

Nei Verëffentlechungen aus dem Beräich vun der Soul, dem Singer-Songwriting an e puer Decouverte
headphones

56 min

play_arrow

Transmusicales 2024

Nieft Neiverëffentlechungen kritt Dir dës Kéier e Virgeschmaach op d’Transmusicales vu Rennes, e Festival, deen erfollegräichen internationalen Artisten eng Bün bitt.
headphones

56 min

play_arrow

$10 Cowboy

OneWorld, eng Rees duerch d’Zäit an d’Stiler mat dës Kéier enger rarer Pärel aus dem Joer 1972, engem Stopp a Brasilien an engem neien Disk aus dem Beräich Country-Blues
headphones

56 min

play_arrow