arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Spring Time

Spring Time

Déi englesch Tindersticks hunn eng Aktualitéit: “Soft Tissue” ass hire 14. Studio-Album iwwerschriwwen. Hei héiere mir en intime Songwriting, deen experimentell an atmosphäresch Klanglandschafte mateneen verbënnt. Schéi Bléiser- a Straicher-Arrangementer a soulful backing Vocals vun der Gina Forster, an natierlech dem Sänger Stuart Staples seng introspektiv Reflexiounen.

Vincent Segal, de geschätzte Cellist (Sting) an de Ballaké Sissoko, Meeschter op der Kora, dësen Duo associéiert sech mat engem aneren Duo, dee vum Vincent Peirani (Akkordeonist) an Émile Parisien (Saxofonist). Zesumme si si Les Egarés a loossen e melodeschen a poetesche Roadtrip erkléngen, tëschent Afrika, Europa an dem Orient.

2016 krut de Yannis Philippakis, Frontmann vun der englescher Rock Band Foals, déi eemoleg Geleeënheet Zäit am Studio mam nigerianesche Batteur a Komponist Tony Allen ze verbréngen. D’Resultat ass den Album “Lagos Paris London”.

The Black Keys, déi amerikanesch Rockband mam Dan Auerbach a Patrick Carney huet e Sound, deen onverkennbar ass. Eng änlech Energie héiere mir beim Kanadier Jeremie Albino, an dës kennt net vun ongeféier, den Dan Auerbach huet säin neien Album “Our Time In The Sun” produzéiert.

Déi nei EP “Embers” vum Amerikaner Sweatson Klank ass elo do. Geschätzt als Maestro vun der elektronescher Musek a bekannt fir säin innovative Produktiounsstil, de Sweatson verwieft d’Beats mat Soul, Jazz a Funk-Elementer.

Me and My Friends, de Quintet verbënnt englesche Folk mat Afrobeat, Highlife a Roots-Reggae. Mir entdecken hei eng akustesch Versioun vun “To MyDear”, opgeholl doheem zu Bristol.

De Glen Hansard ass en iresche Singer-Songwriter, bekannt zënter den 90er Joren als Frontmann vun der Rockband The Frames. Zënter 2006 verëffentlecht hien Disken ënner sengem Numm. Mir lauschteren dem Glen Hansard säin Album “This Wild Willing”, en Disk, deen hien zu Paräis geschriwwen an an de Black Box Studioen opgeholl huet, produzéiert vum David Odlum.

Playlist:
1. Warhaus - I Want More - Karaoke Moon
2. Tindersticks - New World - Soft Tissue
3. Jocelyn Pook - Council Rock
4. Emilie Zoé & Christian Garcia-Gaucher - The Painter - Pigeons - Soundtrack for the Birds on the Treetops Watching the Movie of Our Lives
5. Vincent Peirani, Vincent Segal, Ballaké Sissoko & Emile Parisien - Ta Nyé - Les Égarés
6. Yannis & The Yaw - Night Green, Heavy Love (feat. Tony Allen) - Lagos Paris London EP
7. Jeremie Albino - Dinner Bell - Our Time In The Sun
8. The Black Keys - Wild Child - Dropout Boogie
9. Azekel - Love & Death, Pt. 2 (feat. Ebo Taylor) - Analyze Love
10. Madison McFerrin - No Time to Lose - Brownswood Bubblers Twelve, Pt. 1
11. Sweatson Klank - Sundial -Embers
12. Me and My Friends - To My Dear (Rework) - Single
13. Glen Hansard - Race to the Bottom - This Wild Willing
14. Glen Hansard - Mary - This Wild Willing
15. Woody Simmons - Grey Today - Folk Is Not a Four Letter Word 2

Episoden

From Now & Then

Neo-Soul, Surf-Rock, e Sënn fir Groove, Laid-Back instrumental-Titelen an e puer onëmgänglech Klassiker.
headphones

57 min

play_arrow

Electro-Fusion

Elektro-Métissagen mat Soul, arabesche Kläng an R&B, inspiréiert Kollaboratiounen an atmosphäresch Klanglandschaften.
headphones

57 min

play_arrow

L’anghjuli (A-Filetta)

World-Fusioun aus de 90er a vun haut, en Hommage un de Grënner vum Mali-Empire, Vokal-Traditiounen an e legendäre Blues.
headphones

57 min

play_arrow

International

Vun Atmosphäresche Klanglandschaften bis zum Progressive Pop-Funk am Retro-Stil an e Mammut-Projet dee Süd-Afrika mat England verbënnt.
headphones

57 min

play_arrow

Experiments

Verschidde Stiler aus Latäin-Amerika, Renconteren tëscht de Genren a musikalesch Experimenter
headphones

57 min

play_arrow

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow