"Uncle John's Band" vun the Grateful Dead ass en akustescht Lidd, dat fir d'éischt op der Setlist vun hiren Optrëtter 1969 opgetaucht an 1970 op den Dead hirem Album "Workingman's Dead", verëffentlecht ginn ass.
"You’ll Have to Scream Louder", e schéine melancholesche Cover vun den Tindersticks, déi hei déi englesch post-punk Band Television Personalities revisitéiert hunn. "You’ll Have to Scream Louder" koum original 1984 um Album "The Painted World" eraus.
Tank and the Bangas ass eng US-amerikanesch Band vun New Orleans, Louisiana. Hir Influenze kommen aus dem Rock, dem Jazz, Hiphop an dem Funk. D’Aja Monet, Dichterin, Musekerin a Biergerrechtlerin héiere mir hei mat hirem Spoken Word als Gaaschtinvité.
Den an der Reggae-Zeen héich quotéierte franséische Gittarist Kubix huet um Album "Guitar Chant" - well e kee Vokalist hat - säin Instrument zum Sange bruet …
Eng schéin a smooth Fusioun vun Afrobeat, Jazz a Pop héiere mir beim Dele Sosimi um Album "The Confluence LP". Den Artist gouf iwweregens am Fela Kuti senger Communautéit groussgezu, e besseren Afloss konnt hien net kréien.
Den Album "E-life" vum franséischen Jazz Yannic Seddiki Trio setzt sech mat der Dualitéit ausenaner. D’Dualitéit vun enger hyper-connectéierter Welt, an där jiddweree via déi Sozial Medie mat Dausende vu Mënschen uechter d’Welt kommunizéiere kann, mee an där awer d’Solidaritéit an d’Bridderlechkeet tëschent de Mënsche lues a lues der Keelt vun de virtuelle Bezéiunge Plaz ze maache schéngt.
Pepper White, dat ass de Solo-Projet vum Thomas Dahyot, fréiere Sänger vun der Grarage Rock-Band The Madcaps. Op sengem Solo-Debut "The Lonely Tunes Of Pepper White" héiere mir Influenzen aus de 60er a Rockaflëss natierlech, akustesch Gittar a Piano … en interessanten Debut.
Playlist:
01. The Grateful Dead - Uncle John’s Band - Workingman's Dead
02. Andrew Bird - Skin Is, My - Andrew Bird & The Mysterious Production Of Eggs
03. Zero 7 - Today (feat. José Gonzalez) - The Garden
04. Tindersticks - You’ll Have to Scream Louder - Distractions
05. Tank and the Bangas - They Don’t See/Whole Foods (feat. aja monet) - The Heart, The Mind, The Soul (Deluxe)
06. Dele Sosimi & The Estuary 21 - Ride out the Storm (feat. Get Cape. Wear Cape. Fly) - The Confluence LP
07. Kubix - Deep Eyes - Guitar Chant
08. Yannic Seddiki Trio - Black or White Hat (feat. Robinson Khoury & Camille Passeri) - E-Life
09. RJD2 - Through it All (featuring Jamie Lidell) - Single
10. Joseph Malik - Strange New Places (feat. Lynzie Dray) - Diverse, Pt. 3
11. Yannic Seddiki Trio - A New Day - E-Life
12. Pepper White - Still In Love With You - The Lonely Tunes of Pepper White
13. Elvis Costello & The Roots - Wake Me Up - Wise Up Ghost (And Other Songs)