Aidan Miller, Pianist, Vokalist a geschate Songwriter, de Kanadier huet den Jazz-Piano an déi fräi Impro studéiert, seng Musek ass eng eklektesch Fusioun mat Soul, R&B, Gospel an Jazz.
Den Tom Waits an d’Kathleen Brennan gi revisitéiert um Album “Where the Willow and the Dogwood Grow”, eng Anthologie déi fir Enn Mee ugekënnegt gëtt. Hei erwaarden eis en Total vu 19 Lidder, déi vu bekannte Leit interpretéiert ginn, dorënner: Solomon Burke, Norah Jones, Lucinda Williams, Bettye LaVette, Alison Kraus an Robert Plant.
D’Kathleen Brennan ass déi Laangzäit-co-Songwriterin, Produzentin an och Fra vum Tom Waits.
The Black Keys bréngen elo den 1. Mee hiren neien Album “Peaches” eraus. Et ass e Cover-Album, deen als e Retour un hir Wuerzele beschriwwe gëtt.
Den Tao Ravao aus Madagaskar schafft scho laang Joren zesumme mam Vincent Bucher aus Frankräich. Déi zwee vereent hir Léift zum Blues a Cajun.
Eng weider schéin Zesummenaarbecht ass déi tëschent dem Isaac Birituro aus Ghana, e Meeschter vum Xylophon an deem zu Leeds baséierten Produzent a Singer-Songwriter Sonny Johns aka The Rail Abandon.
De Schur ass en nach onbekannten Artist vun New York, deen d’Energie vum Rock mat der rhythmescher Influenz vum Hiphop an engem Touch Reggae vermëscht.
Playlist:
01. Aidan Miller - Way Down In the Hole - Aidan Miller
02. Tom Waits - Little Boy Blue - One from the Heart (The Original Motion Picture Soundtrack)
03. Delvon Lamarr Organ Trio - Aces - I Told You So
04. PM Warson - Losing and Winning - True Story
05. Alabama Slim - Rock Me Baby - The Parlor
06. Tao Ravao & Vincent Bucher - Adama - Piment bleu
07. The Black Keys - Going Down South - Delta Kream (Bonus Track Version)
08. Isaac Birituro & The Rail Abandon - Bill - Single
09. Dead Combo - Faduncho - Odeon Hotel
10. Dead Chic - Too Far Gone - Too Far Gone - Single
11. Jack White - G.O.D. And The Broken Ribs - Single
12. Massive Attack - Safe From Harm - Blue Lines
13. Schur - Embers - Cactus
14. A-f-a-r - Plastic Riot - The Refuge
15. Sophie Hunger - She Makes President - Molecules