Welten déi sech kräizen, arabesch Musek, Jazz an experimentell Kläng héiere mer bei der Natacha Atles & Samy Bishai hirem "Unchanging Game" ee vun den 2 Titelen déi de neien Album "Parallel Universe" ukënnegen. Hei geet et em Resistenz,Resilienz an dem Refus säi Mond ze hale géigeniwwer der Oppressioun.
Mat enger akustescher Gittare, engem melancholesche Kontrabass an enger Harmonika refletéiert de Robbie Robertson musikalesch d’Thema vum Al ginn an dem Doud, am Martin Scorsese sengem "The Irishman".
Mir entdecken "Dawn Patrol" déi nei Lead-Single vun der Brittesch-Bahraini Trompettistin Yazz Ahmed hirer neier EP "Shinrin-yoku" déi fir Enn Mee ugekënnegt gëtt.
Rodrigo y Gabriela, den entretemps bekannte mexikanesche Gittaren-Duo dee bekannt ass fir säin Energie-geluedenen, akusteschen Ausdrock mat Aflëss aus dem Flamenco, dem Rock an Heavy Metal (si hu fréier och an enger Metal Band gespillt) passéieren den 20 Mee am Atelier.
Wat mat harmonesche Kläng ugefaangen huet, endegt schlussendlech am Chaos … an esou ass et tatsächlech beim Lidd "Ralador de Pia" vu Liniker e os Caramelows, wou déi intensiv Péng no enger Trennung thematiséiert gëtt.
Playlist:
01. Natacha Atles & Samy Bishai - Unchanging Game - Parallel Universe
02. Natacha Atles & Samy Bishai - Somoud - Parallel Universe
03. Robbie Robertson - Theme for the Irishman - The Irishman (Original Motion Picture Soundtrack)
04. Yazz Ahmed - Dawn Patrol - Shinrin-yoku EP
05. 9Bach - Heno - Anian
06. Martina Topley-Bird - Soul Food - Quixotic
07. Rodrigo y Gabriela - The Eye That Catches The Dream - In Between Thoughts...A New World
08. The Limiñanas - Calentita (feat. Nuria) - Single
09. Liniker e os Caramelows & Assucena Assucena - Ralador de Pia (feat. Tulipa Ruiz & Raquel Virgínia) - Remonta
10. Toco - Samba Noir - Outro Lugar
11. Luiz Henrique - Mas Que Nada - Barra Limpa
12. Ignacio Maria Gomez - Sialah - Belesia