arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Experiments

Experiments

Den interkulturelle Museks-Duo Mossa & Zoya verbannen den Desert Blues mat Elementer aus dem Folk a Rock-Pop.


Vun La Réunion kennt de Loran Velia deem seng Musek staark vum Maloya gepräägt ass, den traditionelle Stil vun der Insel, dee vun der UNESCO zum immaterielle Kulturierwen erkläert gouf.


De Guajira-Stil mat kräftege Bléiser, beaflosst vum Mambo-Big-Band-Sound aus de 40er a 50er Joren, héiere mir beim Orquesta Akokán um Album "16 Rayos".


"Nouveaux mondes", esou heescht de Crossover-Album vum franséische Gittarist a Komponist Samuel Strouk. Hei héiere mir e spannenden Dialog tëscht der westlecher klassescher Kammer-Musek an dem modernen Jazz. De Strouk verbënnt seng akustesch Gittar mam Klang vum renomméierte Sträichquartett Quatuor Elmire an enger dynamescher Rhythmus-Grupp, déi aus dem Guillaume Marin (Bass) an dem Damien Françon (Batterie) besteet.


"Cabane Perchée" ass e reng akusteschen Duo-Album vum ungaresche Gittarist Csaba Palotäi an dem brittesche Perkussionist Steve Argülles. Hei ginn déi komplex Pianos-Studie vum ungaresche Komponist Béla Bartók mat der minimalistescher a rhythmescher Welt vum legendären New Yorker Stroosse-Museker Moondog verbonnen.


"Cyclotimic Songs" ass en innovative Konzeptalbum vum franséischen Duo Marc Sarrazy & Laurent Rochelle. Och hei e musikalescht Experiment: akustesch Stécker fir Piano, Bassklarinett a Sopransaxofon, déi schonn existéiert hunn, sinn zerluecht ginn. Aus dësen ass dann e Sound-Collage geschaf ginn ...


Playlist:

01. Mossa & Zoya - Wertehem Tamiditin - Tafouk D Ewar - EP

02. Loran Velia - Mon gaté - Seksion Maloya

03. Minino Garay - Speaking Tango - Minino Garay y los Tambores del Sur

04. Omar Sosa & Seckou Keita - Voices on the Sea - Suba

05. Orquesta Akokán - Guajira Del Mar - 16 Rayos

06. Samuel Strouk - Nouveaux mondes (Edit) - Nouveaux mondes (Edit)

07. Geoffroy - Strangers on a Train - Strangers on a Train - Single

08. Michael Kiwanuka - Final Days - KIWANUKA

09. Csaba Palotai - La Cabane - Cabane Perchée

10. Tonbruket - The Barn - Masters of Fog

11. Laurent Rochelle & Marc Sarrazy - Moving in Circles - Cyclotimic Songs

12. Warhaus - No Surprise - Karaoke Moon

13. Magnus - Catlike - Where Neon Goes To Die

14. AV & The Last Poets - Put In This Skin (feat. The Montgomery Sisters & B. Bain) - Single

Episoden

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow

Womad Festival 2026

De Womad Festival 2026 mécht seng Dieren op vum 23-26 Juli am Neston Park zu Corsham. Mir entdecke spannend Artisten, Newcomer an och confirméiert Gréissten.
headphones

56 min

play_arrow

On the Road

Um Wee tëscht Kaboul a Bamako oder tëscht Indien a Frankräich, mir entdecken eenzegaarteg Zesummenaarbechten.
headphones

54 min

play_arrow

Unchanging Game

Neiegkeeten déi d’Welt vun haut refletéieren, zwou faméis Gittaren déi op Lëtzebuerg kommen an douce Kläng aus Brasilien.
headphones

57 min

play_arrow

Hip and Hop

Decouverte aus dem Sudan, Musek aus dem Libanon an Italie vun de 70er Joren an e "conscious" Rap.
headphones

55 min

play_arrow