Den interkulturelle Museks-Duo Mossa & Zoya verbannen den Desert Blues mat Elementer aus dem Folk a Rock-Pop.
Vun La Réunion kennt de Loran Velia deem seng Musek staark vum Maloya gepräägt ass, den traditionelle Stil vun der Insel, dee vun der UNESCO zum immaterielle Kulturierwen erkläert gouf.
De Guajira-Stil mat kräftege Bléiser, beaflosst vum Mambo-Big-Band-Sound aus de 40er a 50er Joren, héiere mir beim Orquesta Akokán um Album "16 Rayos".
"Nouveaux mondes", esou heescht de Crossover-Album vum franséische Gittarist a Komponist Samuel Strouk. Hei héiere mir e spannenden Dialog tëscht der westlecher klassescher Kammer-Musek an dem modernen Jazz. De Strouk verbënnt seng akustesch Gittar mam Klang vum renomméierte Sträichquartett Quatuor Elmire an enger dynamescher Rhythmus-Grupp, déi aus dem Guillaume Marin (Bass) an dem Damien Françon (Batterie) besteet.
"Cabane Perchée" ass e reng akusteschen Duo-Album vum ungaresche Gittarist Csaba Palotäi an dem brittesche Perkussionist Steve Argülles. Hei ginn déi komplex Pianos-Studie vum ungaresche Komponist Béla Bartók mat der minimalistescher a rhythmescher Welt vum legendären New Yorker Stroosse-Museker Moondog verbonnen.
"Cyclotimic Songs" ass en innovative Konzeptalbum vum franséischen Duo Marc Sarrazy & Laurent Rochelle. Och hei e musikalescht Experiment: akustesch Stécker fir Piano, Bassklarinett a Sopransaxofon, déi schonn existéiert hunn, sinn zerluecht ginn. Aus dësen ass dann e Sound-Collage geschaf ginn ...
Playlist:
01. Mossa & Zoya - Wertehem Tamiditin - Tafouk D Ewar - EP
02. Loran Velia - Mon gaté - Seksion Maloya
03. Minino Garay - Speaking Tango - Minino Garay y los Tambores del Sur
04. Omar Sosa & Seckou Keita - Voices on the Sea - Suba
05. Orquesta Akokán - Guajira Del Mar - 16 Rayos
06. Samuel Strouk - Nouveaux mondes (Edit) - Nouveaux mondes (Edit)
07. Geoffroy - Strangers on a Train - Strangers on a Train - Single
08. Michael Kiwanuka - Final Days - KIWANUKA
09. Csaba Palotai - La Cabane - Cabane Perchée
10. Tonbruket - The Barn - Masters of Fog
11. Laurent Rochelle & Marc Sarrazy - Moving in Circles - Cyclotimic Songs
12. Warhaus - No Surprise - Karaoke Moon
13. Magnus - Catlike - Where Neon Goes To Die
14. AV & The Last Poets - Put In This Skin (feat. The Montgomery Sisters & B. Bain) - Single