arrow_back_ios

One World

Radioprogramm / One World

/ L’anghjuli (A-Filetta)

L’anghjuli (A-Filetta)

Lauschteren play_arrow
headphones

57 min

En Hommage un de Sundiata Keita, legendäre Prënz aus dem 13te Joerhonnert a Grënner vum Mali Empire, héiere mer vu Studio Bros, e portugiseschen Elektro-Duo zesumme mam Elektro-Dj a Produzent Dandara.


Ethio-Jazz Melodien, Afrobeat a psychedelesch Dub-Grooves; dat ass d’Mëschung vum 5 käppegen Hybrid-Jazz Combo vu Ghent Black Flower um Album “Future Flora”.


World-Fusion vum Feinsten aus de Mëtt 90er Jore lauschtere mer vum italieeneschen Ensembel Agricantus hirem Konzept-Album “Touareg”.


Den Neil Young huet den 18ten September säi 50ten Album erausbruecht “Second Song”. Den Album ass an de bekannte Shangri-La Studios zu Malibu opgeholl gi mat senger aktueller backing Band, The Chrome Hearts.


“Long Goodbye” ass eng schéi Soul-Ballad vun der brittescher Singer-Songwriterin Kat Eaton hirem Album “What Happens Now”. Den Disk deen am Mee dëst Joer erauskoum an ass staark vum Soul aus de 60er a 70er beaflosst.


“Dhyana and Donalogue” ass e vokale Fusion-Track vun der indesch-englescher Sängerin Sheila Chandra. Zwou Traditioune ginn hei juxtaposéiert: eng iresch Ballad déi sech mat komplexen islamesche Vokal-Influenze verwieft. Mir lauschteren haut net d’Original aus dem Joer 1992 vun hirem exzellenten Album “Weaving My Ancestors Voices” mee vun hirem neien Album “Echo” Disk mat Live-Opnamen deen dëser Deeg via Real World erauskoum.


“Mi Piel De Animal” (meng Déierenhaut) ass en Extrait aus dem argentinesche Multi-Instrumentalist a Komponist Axel Krygier sengem Avant-Garde Pop-Album “Hombre De Piedra”. Strukturéiert wei de Soundtrack vun engem Film, den Hombre de Piedra (Steen-Mensch) verléisst seng prehistoresch Höl an taucht an der moderner Welt op.


En éischte Virgeschmaach op de neien Album vu A-Filetta “Clair Obscur “ Disk deen di korsesch Vokal-Traditioun mat fernëstleche Straicher an Arrangementer verbënnt.


Last but not Least, en onëmgängleche Blues dee markéiert ass vun emotionaler Déift, Leidenschaft an dynamescher Kontroll …


Playlist:

01. David Walters - Kryé Mwen - Single

02. Sundiata Keita - Studio Bros & Dandara - Different

03. Agricantus - Hal Hala - Touareg

04. Black Flower - Early Days of Space Travel, Pt. 2 - Future Flora

05. Neil Young - Day after Day - Second Song

06. Ben Sidran - Sixteen Tons - Don’t Cry For No Hipster

07. Kat Eaton - Long Goodbye - What Happens Now

08. Sheila Chandra - Dhyana and Donalogue - Echo

09. A-Filetta - L’anghjuli - Clair Obscur

10. Axel Krygier - Mi Piel De Animal - Hombre De Piedra

11. Stevie Ray Vaughan - Tin Pan Alley (aka Roughest Place In Town)

Episoden

Beats, Jazz & more

Hypnotesch, melancholesch, däischter oder grooveg Titelen aus verschiddene Genren.
headphones

55 min

play_arrow

From Now & Then

Neo-Soul, Surf-Rock, e Sënn fir Groove, Laid-Back instrumental-Titelen an e puer onëmgänglech Klassiker.
headphones

57 min

play_arrow

Electro-Fusion

Elektro-Métissagen mat Soul, arabesche Kläng an R&B, inspiréiert Kollaboratiounen an atmosphäresch Klanglandschaften.
headphones

57 min

play_arrow

L’anghjuli (A-Filetta)

World-Fusioun aus de 90er a vun haut, en Hommage un de Grënner vum Mali-Empire, Vokal-Traditiounen an e legendäre Blues.
headphones

57 min

play_arrow

International

Vun Atmosphäresche Klanglandschaften bis zum Progressive Pop-Funk am Retro-Stil an e Mammut-Projet dee Süd-Afrika mat England verbënnt.
headphones

57 min

play_arrow

Experiments

Verschidde Stiler aus Latäin-Amerika, Renconteren tëscht de Genren a musikalesch Experimenter
headphones

57 min

play_arrow

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow