"Eleanor Rigby" ass en Track vun de Beatles dee mir all kennen. Mir lauschteren eng Soul-Jazz Interpretatioun vum Jazz-Organist Trudy Pitts zesumme mam Gittarist Pat Martino.
Booker T. & The M.G.'s hiren "Green Onions" aus dem Joer 1962 gëllt als DEN Instrumental vun allen Zäiten an ass opgeholl ginn an der Library of Congress National Recording Registry fir seng kulturell Relevanz.
Hei och en nostalgeschen Hommage un déi brasilianesch Kultur a Geschicht vum Fussball, beaflosst vu Gréisste wéi e Pelé, Jairzinho, a Rivellino.
"Night Green, Heavy Love" ass en hypnoteschen a komplexen track vu Yannis & The Yaw. Eng Collaboratioun geleet vum Yannis Philippakis (Frontmann vun der Indie Rock-Band Foals) zesumme mam Meeschter- Drummer vum Afrobeat Tony Allen.
De Robert Plant & Alison Krauss hunn op hirem Album "Raise The Roof " eng beréierend Americana-Folk Versioun vun "You Led Me to the Wrong" - en traditionelle Bluegrass vun der Banjo-Spillerin Ola Belle Reed - verëffentlecht.
"Take Us Back (Live)" ass eng Folk-Ballad vun der amerikanescher Singer-Songwriterin Alela Diane, original erauskomm op hirem Album "To Be Still" 2009. Déi Versioun déi mir lauschteren ass am Februar 2021 Live am Studio opgeholl gi fir den Album "Live At The Map Room".
"I Cast A Lonesome Shadow" ass eng nei, modern Interpretatioun vun de Country-Legenden Hank Thompson a Lynn Russwurm hirem Track aus de 60er Joren. Dësen Titel huet de Martin L Gore op enger Kompil entdeckt gehat an dës Country-Ballad an en däischtere minimalisteschen elektroneschen Track verwandelt.
Playlist:
01. Ramsey Lewis - Wade In the Water - Ramsey Lewis: Finest Hour
02. Trudy Pitts & Pat Martino - Eleanor Rigby - Fantasy: The Vibes Of Funk 03. Jazzamor - Love Track - Interior One - Modern Music for Modern People
04. Booker T. & The M.G.'s - Green Onions - Green Onions
05. The Rebels of Tijuana - Brazil 70 - EP
06. Yannis & The Yaw - Night Green, Heavy Love (feat. Tony Allen) - Lagos Paris London
07. Arctic Monkeys - Do I Wanna Know? - AM
08. Alison Krauss & Robert Plant - You Led Me to The Wrong - Raise The Roof
09. PM Warson - Just) Call My Name - True Story
10. Alela Diane - Take Us Back (Live) - Live at the Map Room
11. Mark William Lewis- Socialising - Mark William Lewis
12. Alex Izenberg - Sister Jade - Caravan Château
13. Martin L Gore - I Cast A Lonesome Shadow - Counterfeit 2
14. Erik Truffaz 4tet & Ed Harcourt - Anonymous (feat. Ed Harcourt) - Triple Best of Erik Truffaz
15. Marc Moulin - Day Fever - Top Secret
16. Laurent Bardainne, Celia Wa & Tigre d'Eau Douce - Jou en nou rivé - Hymne au soleil