Stick In The Wheel ass e Londoner Duo deen traditionell Melodië mat enger Punk Energie upéckt an en engagéierte Bléck op d'Politik werft.
Déi englesch Singer-Songwriterin an Dichterin Zoe Heselton spillt d'Gittar, ass vum Folk, Blues a Flamenco geniert a beweegt sech tëscht engem sensibelen, vulnérabele wéi och staarken Ausdrock.
Aus Thailand kommen d'Museker-innen vu Venn. Si setzen hir Gittare gradesou a wéi d'Selbstironie,den elegante Songwriting gradesou wéi d'Verzerrung. Mol e funky Rhythmus mol eng traditionell thailännesch Melodie, dann e klenge Rapp ...
D'Tolstoys kéint een als hallef Schaman an hallef Hippie beschreiwen. Dëst ass e slowakesche Quintett deen zu Berlin baséiert ass, geleet vun der charismatescher Sängerin Ela Tolstova.
E kosmeschen Afro-Disco mat Kraut-Rock Feeling stellt de neien Album "Outtanational" vun der englescher Formatioun Pigeon vir. De Frontmann ass de charismatesche Sänger a Perkussionist Falle Nioke deem seng Wuerzelen a Guinea ze fanne sinn. Best of Both Worlds!
Och eng éischte Kéier a Frankräich op der Bün, ass déi kolumbianesch Produzentin an DJane Rosa Pistola. Déi engagéiert Feministin huet fir hire Concert op den Transmusicales eng exklusiv Show op d'Bee gestallt mat Dänzerinnen a Kostümer. Opgepasst! D'Temperatur wäert klammen, sou de Communiqué.
En Duo gegrënnt vum Libanees Radwan Ghazi Moumneh an dem Fransous Frédéric D. Oberland schaaft en interessanten Dialog: Stëmm an Texter op arabesch vum Moumneh déi elektronesch behandelt ginn, vermëschen sech mam Bouzouki, de Perkussiounen an dem Rabâba. De Mix vun den Instrumenter an d'Aart a Weis erginn eng speziell Klanglandschaft: rituell, improviséiert, pulséierend ...
Playlist:
01. Stick In The Wheel - Can't Stop - A Thousand Pokes
02. Stick In The Wheel - Burnt Walk - A Thousand Pokes
03. Zoe Heselton & Sister Outsider - Day By Day - Another Kind Of Suicide
04. Zoe Heselton & Sister Outsider - What Am I Doing Here - Another Kind Of Suicide
05. Venn - Xobile Mombassa -Mölkky
06. Venn - ICU - Mölkky
07. Venn - The Boroughs Sax 02 (feat.NTFolk17) - Mölkky
08. Tolstoys - Until U Home - The Buzz
09. The Black Wizards - Loose
10. Pigeon - Miami - Outtanational
11. Pigeon - Mirror Test - Outtanational
12. Pigeon - NRG - Outtanational
13. Rosa Pistola - Flauta Nahua - Eck Echo/La Chekera
14. Radwan Ghazi Moumneh & Fredereic D. Oberland - The Serpent - Eternal Life No End
15. Bachar Mar-Khalifé - Yalla Tnam Nada (feat. Golshifteh Farahani) -Ya Balad