Vun Donneschdes, 29. Januar bis Méindes, den 2. Februar 2026 organiséiert de CAPE, de Centre des Arts Pluriels Ettelbréck e Festival, deen den A-cappella-Gesang an de Mëttelpunkt setzt. Um A CAPE’lla Festival triede Chéier a Vocalensemblen aus der ganzer Welt am CAPE, esou wéi an der Ierpeldenger Kierch, an der Aler Schoul zu Schieren oder och an der St-Laurentius Kierch zu Dikrech op. Mee a capella heescht am CAPE och: Barbershop Quartetter an Beatbox! D'Ana Maria Tzekov, Directrice Artistique vum Kulturhaus, verréit eis wat de Public erwaart a wat si esou cool, un der mënschlecher Stëmm fënnt.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
Den A CAPE'lla Festival
Lauschteren
play_arrow
headphones
4 min
mic_none
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes
Episoden
Eng Kinnekskannerschoul am Veianer Schlass
D'Kanner aus dem ganze Land gi vun der Prinzessin Jacquetta vu Lëtzebuerg op eng Audienz zu Veianen invitéiert.
Dem Georges Sadeler seng "Metal Suite" um Klenge Maarnicher Festival
De Komponist Georges Sadeler stellt säin neit Wierk "Metal Suite" zu Housen vir. Hien huet sech domat beschäftegt, wéi Metaller de Klang vun Instrumenter beaflosse kënnen.
Hëtzeg Rainy Days an der Philharmonie
De Festival fir zäitgenëssesch Musek "Rainy Days" ass dëst Joer vum 17. bis den 22. November.
Blechbléiser treffen op Gesangskonscht
De Kontratenor Jeff Mack an d'Blechbléiserquintett Magnifica spillen am Kader vum klenge Maarnicher Festival.