De Mëttwoch, 25. Mäerz spillt déi russesch Pianistin Anna Vinnitskaya an der Salle de musique de Chambre vun der Philharmonie e Concert ënnert dem Motto Late Romantics and Young Ravel. Hiren internationalen Duerchbroch hat d’Pianistin 2007, nodeems si den 1. Präis beim Concours Reine Elisabeth zu Bréissel gewonnen hat. Zanterhir ass si ënner anerem mat de Berliner Philharmoniker, mam Orchestre Philharmonique de Radio France oder och mam Boston Symphony Orchestra opgetrueden. D’Anna Vinnitskaya erkläert de roude Fuedem vum Concert.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
Spéit Romantiker an e jonke Ravel an der Philharmonie
Lauschteren
play_arrow
headphones
4 min
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart