Haut (13.3.) spillt den Orchestre de Chambre du Luxembourg (OCL) am Cercle Cité. Am Kader vum LuxFilmFestival gëtt e Kuerzfilm vun der Cineastin Céline Camara gewisen. Dobäi gëtt et awer e Problem: de Soundtrack ass verschwonnen! Zum Gléck ass den Dirigent Bertie Baigent do, fir zesumme mam Orchester de Film musikalesch ze ënnermolen, an dat mat der aktiver Participatioun vum Public. Et ass net déi éischte Kéier, datt den OCL e pluridisziplinäre Concert offréiert: si hu well e Concert mat enger Kichecheffin esou wéi mat engem Gaardechef gespillt. Domadder wëllt den Orchester weisen, datt Musek net als isoléiert Konschtform existéiert. Den englesche Gaaschtdirigent Bertie Baigent erkläert d'Konzept hanner dëser Editioun vu Chef meets Chef.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
Grousse musikalesche Kino am Cercle Cité
Lauschteren
play_arrow
headphones
4 min
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Schockmel