Et ass nach net all ze laang hier - Enn Februar fir genee ze sinn - do gouf deen neie Concertssall vun der Péitenger Museksschoul feierlech ageweit. Benannt gouf en nom Floss Kor, deen duerch d’Gemeng am Süde vum Land fléisst. Bei der Aweiung vum Korus ass de Francesco Tristano opgetrueden, deen an der Gemeng Péiteng grouss gouf. An och fir den Ofschlossconcert vun de Festivitéiten dëse Samschdeg um 8 Auer bleift d’Programmatioun der Linn vum éischte Concert trei: feierlech a lokal. Den Direkter vun der Péitenger Museksschoul Paul Origer gëtt am Opus-Interview en Abléck.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
Feierlech a lokal
Lauschteren
play_arrow
Paul Origer (Foto: Eric Engel)
headphones
5 min
mic_none
Presentéiert vum
- Luc Boentges