Owesconcert
La nature est un temple
De jonke kanadesche Pianist Jan Lisiecki spillt de Concerto Nr. 20 fir Piano an Orchester vum W. A. Mozart. Duerno huelen d'Solistes Européens eis mat an d'Natur um Land mat der sechster Sinfonie vum Ludwig van Beethoven.
Um Programm:
Gioachino Rossini (1792-1868): Ouverture aus "Il Barbiere di Siviglia"
Gioachino Rossini (1792-1868): Temporale aus "Il Barbiere di Siviglia"
Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791): Concerto fir Piano an Orchester Nr.20 a Re mineur KV466
Frédéric Chopin (1810-1849): Nocturne an Do mineur B.108 (Zugab)
Ludwig van Beethoven (1770-1821): Sinfonie Nr.6 "Pastorale"
Johann Strauss II (1825-1899): Unter Blitz und Donner, op.324 (Zugab)
Interpreten:
Jan Lisiecki, Piano
Solistes Européens, Luxembourg
Christoph König, Direktioun
Dëse Concert gouf de 25. September 2023 an der Philharmonie zu Lëtzebuerg opgeholl.
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes