Retromania
Joseph Conrad: Marin an Auteur
9 min
De Schrëftsteller Joseph Conrad gouf an der Ukrain vun haut gebuer, kënnt aus enger adeleger polnescher Famill an huet sech eréischt méi spéit zu engem vun de wichtegste Schrëftsteller aus England entwéckelt.
Virdru war de Joseph Conrad e Marin an Aventurier: mat e sëllege Reesen iwwer d’Mierer war hie bal an der ganzer Welt ënnerwee, an net zulescht déi 4 Méint, déi hien op engem Dampfer um Kongo verbruecht huet, goufen eng Inspiratioun fir seng vill Romaner a Kuerzgeschichten. Déi berüümtsten dovunner dierfte “Lord Jim”, “Nostromo”, “The Secret Agent an Heart of Darkness” sinn: alles Texter déi tëschent 1900 an 1907 publizéiert goufen. Am August waren et 100 Joer hier, datt de Joseph Conrad gestuerwen ass.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus