Retromania
Willy Millowitsch: "E Kölsche Jung"
8 min
Hie war an ass e “Kölsche” Original.
Schonn zu Liefzäite krut hie säi Monument um Eisenmarkt zu Köln, eng Bronzefigur vun him, déi op enger Bänk sëtzt.
Hie war an ass ee vun de beléiftsten däitschen Theaterschauspiller, e Millioune Publique huet hie veréiert.
Rieds geet natierlech vum Willy Millowitsch, de Schauspiller, de Stëmmungssänger, déi personifizéiert gutt Laun vum Rhäin an en aussergewéinleche Vertrieder vun der Kölner Fuesent.
Iwwer 50 Joer laang war de Willy Millowitsch och Direkter vu sengem eegenen Theater, dem Millowitsch-Theater an der Aachenerstrasse zu Köln, an aus dësem Theater gouf 1953 déi éischte Kéier iwwerhaapt en Theaterstéck en direkt op der däitscher Televisioun iwwerdroen. 2018 ass de Millowitsch Theater awer zougemaach ginn.
Den nächste Freideg sinn et 25 Joer hier, datt de Willy Millowitsch am Alter vun 90 Joer gestuerwen ass.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus