arrow_back_ios

Retromania

100komma7.lu / Retromania

/ Fernand Fox: "De Fern ass net méi do"

Fernand Fox: "De Fern ass net méi do"

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

13 min

De Fernand Fox ass dout. En Dënschdeg koum d’Nouvelle, datt dee beléifte Lëtzebuerger Sänger an Acteur am Alter vun 90 Joer gestuerwen ass.

Den Theater, de Film, de Variété, also am Fong den Divertissement zu Lëtzebuerg huet elo mam Foxe Fern ee vu senge ganz Grousse verluer. Den Acteur a Sänger huet mat senge Lidder, Sketcher a sengem komeschen Talent, et kann ee roueg soen, Generatioune vu Leit vill Freed gemaach, mee hie wosst dernieft awer och a méi eeschte Rollen ze iwwerzeegen.

De Fernand Fox hat vill verschidde Facetten, et erënnert ee sech sécher u seng Assurance-Reklammen zesumme mam Marc Olinger, seng Rollen an den Andy Bausch-Filmer, oder wann ee méi wäit zeréckgeet, u seng Optrëtter am Kasemattentheater zesumme mam Tun Deutsch.

De 26. Januar dëst Joer huet de Fernand Fox nach säin 90. Anniversaire konnte feieren, an elo ass hien dës Woch gestuerwen.

Et war scho méi roueg gi ronderëm hien an de leschte Joren, mee fir ëmmer huet een d’Bild vun him virun Aen, wéi hien do steet, natierlech mat der Zigarett am Grapp, an op seng Manéier ze schmunzen.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Freddie Mercury: Eng Naturgewalt op der Bün

De leschte Samschdeg hätt den emblematesche Freddie Mercury Frontmann vun der Rockformatioun Queen 80 Joer kritt. Hien ass awer de 24. November 1991 mat 45 Joer un AIDS gestuerwen
headphones

10 min

play_arrow

Philippe Leotard: Schauspiller, Sänger a Poet

Den franséischen Acteur, Sänger an Poet Philippe Leotard ass viru 25 Joer gestuerwen, de Jean Claude Majerus erënnert am Retromania un dësen aussergewéinlechen Kënschtler.
headphones

9 min

play_arrow

Charlie Watts. Dee Rouegen vun de Rolling Stones

De Charlie Watts, de Batteur vun de legendäre Rolliong Stones ass de24 August 2021, viru 5 Joer gestuerwe.n.
headphones

10 min

play_arrow

Bertolt Brecht: De Papp vum epeschen Theater

De 14. August 1956, viru 70 Joer, ass de groussen däitschen Dramatiker a Lyriker Bertolt Brecht zu Berlin gestuerwen.
headphones

12 min

play_arrow

headphones

6 min

play_arrow

Viru 60 Joer gouf d'Legend vum Wembley Goal gebuer

Virgëschter (30.7.) waren et 60 Joer, datt bei der Fussball-WM 1966 an England dee wetlberüümten Wembley Goal geschoss gouf.
headphones

11 min

play_arrow

George Bernard Shaw: De Literaturnobelpräis an en Oscar

Muer sinn et 170 Joer, datt ee vun de groussen engleschsproochegen Dramatiker op d’Welt koum.
headphones

8 min

play_arrow

"Moby Dick": E Meeschterwierk aus der Filmgeschicht kritt 70 Joer

Viru 70 Joer ass déi bekanntste Versioun vum Herman Melville sengem Roman vum amerikanesche Realisateur John Huston fir d’éischte Kéier iwwer de groussen Ecran geflimmert.
headphones

8 min

play_arrow

Louis Armstrong: De mënschlechen Jazzmuseker

Ee Joerhonnertmuseker, deen den Jazz markéiert huet, ass de 6. Juli viru 55 Joer gestuerwen.
headphones

9 min

play_arrow

Jim Morrison: Rebell a Rockpoet

De charismatesche Sänger vu The Doors ass gëschter viru 55 Joer, den 3. Juli 1971 zu Paräis gestuerwen.
headphones

9 min

play_arrow

Zarah Leander: Eng Ikon vum nationalsozialistesche Film

Déi schweedesch Actrice a Sängerin Zarah Leander, eng vun de komplexsten an ëmstriddensten Divae vum 20. Joerhonnert ass viru 45 Joer gestuerwen.
headphones

9 min

play_arrow

John Lee Hooker: Eng Blues-Legend

Den amerikanesche Blues-Gittarist a Bluessänger John Lee Hooker ass viru 25 Joer gestuerwen.
headphones

9 min

play_arrow

Benny Goodman: De King of Swing

Et sinn ewell scho 40 Joer hier, datt dee visionäre Museker gestuerwen ass.
headphones

9 min

play_arrow

Marilyn Monroe: Eng Fra, déi vill beweegt huet

D'Marilyn Monroe koum den 1. Juni 1926, virun 100 Joer also, op d'Welt.
headphones

8 min

play_arrow

Miles Davis: E Gigant vum Jazz

De legendären Jazzmuseker Miles Davis koum de 26. Mee 1926 op d'Welt. Leschten Dënschdeg gouf op ville Plazen un dem Ausnamemuseker säi Centenaire geduecht.
headphones

9 min

play_arrow

Udo Lindenberg: Ikon vun der däitscher Rock- a Popkultur

Den däitsche Museker a Sänger Udo Lindenberg huet de 17 Mee säin 80 Gebuertsdag gefeiert an och mat 80 Joer denkt hien nach net un d’Ophalen, wat och gutt esou ass.
headphones

10 min

play_arrow

CATS: D'Mamm vun de Musicals

De Musical „Cats“ dee viru 45 Joer am Londoner West-End Welturopféierung hat, war den éischte Mega-Musical mat deem en neie Konschtgenre gebuer gouf.
headphones

10 min

play_arrow

Empire State Building: D'Kinnegin vun der New Yorker Skyline

Gëschter (1.5.) waren et 95 Joer hier, datt den Empire State Building zu New York offiziell inauguréiert gouf. Bis haut gehéiert dëst Gebai zu de "World’s Most Famous Buildings".
headphones

10 min

play_arrow

Roy Orbison: De grousse Melancholiker

De Singer a Songwriter Roy Orbison, deen op Niklosdag 1988 mat nëmmen 52 Joer gestuerwen ass, hätt den Donneschdeg, 23. Abrëll 90 Joer kritt.
headphones

10 min

play_arrow

Hugh Hefner: En ëmstriddene Journalist an Editeur

De kontroverséierte Playboy-Grënner Hugh Hefner hätt d’lescht Woch 100 Joer kritt.
headphones

9 min

play_arrow