Retromania
E Film no un der Perfektioun
12 min
An der Filmgeschicht ginn et Filmer déi een als Klassiker tituléiert, sief dat elo « Casablanca », « Gone with the wind », « Ben Hur « an esou weider.
Zu där Kategorie gehéiert dann och nach e Film dee viru 75 Joer e Succès op der ganzer Welt feiere konnt, dem brittesche Realisateur Carol Reed säi Film “The Third Man” oder op däitsch “Der dritte Mann”
Vill Kritiker sinn der Meenung datt wa vum perfekte Film ka riets goen, “The Third Man” där Definitioun ganz no géif kommen.
Et gi net ganz vill Filmer déi et fäerdeg bruecht hunn, hir Zäit esou detailléiert erëmzeginn, wéi dëst schwaarz-wäisst Meeschterwierk.
An dofir ass dëse Film “Der dritte Mann” an och déi weltbekannte Filmmelodie vum Anton Karas déi Kéier, dem Jean Claude Majerus säin Sujet am Retromania.
An de Anton Karas ass elo och schonn 40 Joer dout, den 10 Januar oder Jänner wéi se an Éisterräich soen 1985. En Anton Karas deen op senger Zither déi weltbekannt Melodie fir dem Carol Freed säi Meeschterwierk an der Kinosgeschicht “The Third Man” komponéiert huet, e Film deen wéi gesot viru 75 Joer e grousse Succès op der ganzer Welt erlieft huet.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus