Et si schonn 125 Joer hir datt de franséische Moler an Zeechner Henri de Toulouse Lautrec gestuerwen ass, en Toulouse Lautrec deem seng Biller oder éischter seng Plakater schonn zou Liefzäiten eng bedeitend kulturell Valeur haten an och hautdesdaags nach hunn.
Dem Toulouse Lautrec seng Affichen déi hie fir Manifestatiounen am Moulin Rouge oder fir d’Optrëtter vum Aristide Bruant gemoolt huet, ginn als Ufank vun der moderner Affichekonscht ugesinn.
Si markéieren den Ufank vun engem Kulturbetrib, wou sech d’Wierk an d’Liewe vun engem Kënschtler vermëschen, zu deem wat een allgemeng den “Image” (op englesch soen) nennt.
Den Toulouse Lautrec huet a sengem Liewen e gigantescht Wierk realiséiert, honnerte Biller, dausenden Zeechnungen an Dosende Plakater. Seng Reduktioun op dat Wesentlecht a seng kéng Strécher hu spéider Konschtstréimunge wéi de Jugendstil oder den Expressionismus beaflosst
De Jean Claude Majerus erënnert an sengem Retromania haut un den Henri de Toulouse Lautrec