Sot Emol
Sean Grethen
55 min
Wann een u Sport denkt, da kommen engem sécher als éischt verschidde Ballsportaarte wéi Fussball, Handball, Basket oder Volleyball an de Kapp oder individuell Sportler wéi Tennis, Vëlo, Lafen oder vläicht och Turnen, oder Ars Martiaux wéi Karate, Judo ... Mee et ginn och Sportler, vun deenen een net esou vill an esou dacks héiert, déi awer fir deen Eenzele grad esou vill Engagement a Passioun verlaangt wéi all anere Sport.
Den Invité Sean Grethen ass esou e Mënsch, deen e Sport praktizéiert, deen net all Dag an der Aktualitéit steet: Aarmwrestling, Bras de Fer oder Aarmdrécken, a wann ee Biller vun de Competitioune kuckt, da mierkt ee séier, datt fir dee Sport ganz vill verlaangt ass. An de Sean Grethen ass e jonke Mënsch, deen dëse Sport mat grousser Passioun mécht.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus