Sot Emol
Paul Philipp - Spiller, Trainer, President
55 min
No engem Mount ass et haut (14.7.) esouwäit, d’Finall vun der Fussball-Europameeschterschaft, déi an Däitschland organiséiert gouf, steet op der Affiche. Am Olympiastadion zu Berlin sti sech den Owend vun 9 Auer u Spuenien an England géintiwwer. Och d’Emissioun steet déi Kéier ganz am Zeeche vum Fussball.
Den Invité ass e Mënsch, dee säi ganzt Liewen um an nieft dem Terrain mat Fussball ze dinn hat.
De Paul Philipp ass aktuell President vun der FLF, der Lëtzebuerger Fussballfederatioun an dat schonn 20 Joer. Hie war och 16 Joer laang Lëtzebuerger Nationaltrainer a stoung selwer laang als Profi um Terrain.
Seng Karriär ass um Avenir Beggen ugaangen, weider Statioune waren dunn d‘Union Saint Gilloise, de Lécker Standard oder och nach de Sproting Charleroi.
Mam Paul Philipp kuckt de Jean Claude Majerus op déi aktuell Europameeschterschaft, mat natierlech der Finall den Owend. Mee et geet och rieds iwwer dem Paul Philipp säi perséinlech Wee am Fussball.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus