Sot Emol
Dominique Santana: Konscht a Geschicht
55 min
"Konscht a Geschicht“ ass de Motto vun dëser Emissioun: D‘Invitée ass d'Historikerin a Cineastin Dominique Santana. Si huet Geschicht op der ULB zu Bréissel an op der Humbold Universitéit zu Berlin studéiert a weider Studien op der Uni Lëtzebuerg an der Uni vu Sao Paulo gemaach.
An eis Antenn ass der Dominique Santana och net friem, well si scho Chronike fir de radio 100,7 gemaach huet. Fir de Volet Cineastin kann een dee Film ervirhiewen, iwwer deen och rieds geet: "A Colônia Luxemburguesa“. Aktuell schafft Dominique Santana un engem Projet iwwer Radio Lëtzebuerg.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus