Sot Emol
Carlo Link: Radio, seng grouss Passioun
56 min
Emissioune wéi "Patch Radio" oder "Konferenzen" an "Erlieft a Verzielt" dierfte wuel villen Nolauschterer vum radio 100,7 e Begrëff sinn. Et sinn Emissiounen, déi op dëser Antenn mat engem Numm ganz enk verbonne sinn: Carlo Link. An de Carlo Link ass och Mënsch, oder e Radiosmënsch, mat deem mir bei d‘Originne vum radio 100,7, dem soziokulturelle Radio, wéi deemools gesot gouf, zeréckginn. De Carlo Link war vun Ufank un op iergendeng Manéier beim radio 100,7 derbäi an huet deemools och dozou bäigedroen, där neier Stëmm vu Lëtzebuerg och eng Stëmm ze ginn.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus