Sot Emol
Isabelle Braun-Dominicy: "Et mécht nach ëmmer ganz vill Freed"
56 min
Erënnert Dir Iech eventuell nach un Är Zäit an der Museksschoul oder am Conservatoire, wéi Dir Äre Solfège geléiert hutt? Fir déi eng sécher eng Zäit, un déi si sech gären erënneren, fir anerer eng Zäit: Nujee! A fir Solfège ze léieren, mussen et Museker:inne ginn, déi sech virun d’Klass stellen, an deene Jonken oder och emol méi eelere Kandidaten et bäibréngen. D‘Invitée vum Jean Claude Majerus mécht genee dat zanter wäit iwwer 20 Joer: d’Isabelle Braun-Dominicy.
Si huet scho mat sechs Joer hire musikalesche Wee ugefaangen an der Museksschoul zu Péiteng, duerno am Escher Conservatoire. No der Première huet d’Isabelle Braun-Dominicy am Conservatoire Royal zu Bréissel Piano an eben och Solfège studéiert. Aktuell ass si Professorin um Escher Conservatoire, wou si nieft Solfège a Pianoscoursen och de Jugendchouer dirigéiert.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus