Sot Emol
Guy Conter: E räicht Musekerliewen
56 min
Viru bal 200 Joer ass an de englesche Minièren, de Millen an de Fabricken eng Zort Musek entstanen, déi bis haut iwwerlieft a sech ëmmer méi a méi entwéckelt huet. Erauskoumen déi sougenannte Brass Bands, vun deenen der vill haut weltwäit risege Succès hunn, zum Beispill d‘Black Dyke Brass Band oder Canadian Brass, fir nëmmen déi ze nennen. Zu Lëtzebuerg gëtt et och eng Brass Band, ewell scho 50 Joer, an zwar ass dat Brass Band vum Escher Conservatoire, déi vum fréieren Direkter vum Conservatoire, dem Fred Harles, 1973 gegrënnt gouf. D’Brass Band vum Escher Conservatoire huet hire 50. Anniversaire dann natierlech och gefeiert mat engem Concert ënner der Direktioun vum aktuelle Chef Claude Schlimm an der Philharmonie. E Concert mat groussem Chouer, groussen Emotiounen an excellenter Musek.
An et gëtt sécher een, deen dat gutt versteet, well grad hien huet sécher den Anniversaire-Concert an der Philharmonie nach vill méi intensiv gespiert an emotionell erlieft: de Museker Guy Conter, dee selwer nom Fred Hales vun 2007 bis 2015 Chef vun der Brass Band war an huet duerno weider de Solo Cornet gespillt huet.
De Guy Conter war laang Professer am Conservatoire. Viru Kuerzem goung hien an d‘Pensioun a kuckt op e räicht an diversifiéiert Musekerliewen zeréck. (Rediff. vum 05.05.2024)
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus