Sot Emol
Änder Hirt: E Museker mat Leif a Séil
55 min
Wann een Iech seet: Fascination oder Challengers? Vläicht fänkt et elo bei deem engem oder aneren un am Kapp ze schaffen, an et kommen engem Erënnerungen aus den 1980er Joren an de Sënn. Oder gehéiert Dir net zu deenen, déi an där Zäit op Baler gaange sinn, wou eben ee vun dësen zwee groussen Orchestere gespillt huet?
Baler, op deenen ee Rock- a Pop-Songs konnt matsangen a sech dozou beweegen, oder et konnt een e Marsch, eng Walz oder eng Samba danzen, wann een dorobber Loscht hat. An den Änder Hirt war de Frontman a Sänger vu Fascination.
D’Musek an de Gesang spillen am Groussen a Ganzen eng grouss Roll am Änder Hirt sengem Liewen, hie spillt selwer e puer Instrumenter, schreift och Lidder, ass e grousse Frënd vu Blues an huet den Jazz fir sech entdeckt.
Dernieft huet hie 35 Joer laang an der Publicitéit geschafft, wou hie seng ganz Kreativitéit konnt ausliewen. Den Änder Hirt hëlt mat op eng Zäitrees an 1980er Joren. (Rediff. vum 16.06.2024)
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus