Sot Emol
Norbert Haupert: Sportler, Sportfonctionnaire a Politiker
56 min
Als Sportler, also als Liichtathleet, war den Norbert Haupert ganz erfollegräich, notamment mat engem Lëtzebuerger Rekord iwwer 1.000-Meter, deen hien iwwer 40 Joer gehalen huet an och mat senger Participatioun un den Olympesche Spiller zu Roum am Joer 1960.
No senger aktiver Sportlerkarriär ass den Norbert Haupert dem Sport awer erhale bliwwen, fir d‘éischt als President vun der Liichtathleetikfederatioun an duerno als President vum Olympesche Comité, dem COSL.
Den Numm Norbert Haupert kennt een awer och aus der Politik. Hien huet 14 Joer als CSV-Deputéierten an der Chamber siegéiert.
Dee fréiere Liichtathlet, Sportfonctionnaire a Politiker Norbert Haupert ass den Invité beim Jean Claude Majerus.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus