Sot Emol
Emma Lily Karier: De Saxofon a Wien
56 min
Et ass ëmmer flott an och impressionant, wa Mënsche fir eng Passioun brennen. Bei deem engen ass dat de Sport, fir dee si alles aneschters an déi zweet Rei stellen, fir anerer ass et den Theater oder d’Bünekonscht, a fir nach anerer ass et d’Musek. An dat ass de Fall fir d’Invitée Emma Lily Karier.
Si ass Musekerin, Saxofonistin an och Sängerin, Dirigentin an, an, an ... D’Emma Lily Karier huet Musek vu Klengen un erop geléiert an ass aktuell op der Universitéit für Musik und darstellende Kunst zu Wien. Do huet si am Mee hire Bachelor of Arts fäerdeg gemaach a fänkt elo hire Masterstudium un.
An aktiv ass si och um Fundamental Monodrama Festival, an der Organisatioun wéi och als Musekerin. E Festival, dee vun hirem Papp, dem Acteur Steve Karier an Liewe geruff gouf.
Si ass Sängerin a verschiddene Formatiounen am Stephansdom zu Wien, wou si als Solistin Masse mam Saxofon gespillt huet. D’Enjoy Leadership Academy zu Massachusetts ass eng weider wichteg Statioun fir d’Emma Lily Karier.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus