Sot Emol
Sidney Scho: E ganz jonken Dirigent
56 min
D’Emissioun „Sot emol“ steet déi Kéier emol nees eng Kéier ganz am Zeeche vun der Musek mat engem nach ganz jonke Museker, grad emol 22 Joer jonk: de Sidney Scho. Hie stécht op der enger Säit nach ëmmer matten a senger Formatioun dran, ma op der anerer Säit steet en awer och scho matten am aktive Musekerliewen oder a sengem Fall och Dirigenteliewen.
De Sidney Scho ass nämlech aktuell den Dirigent an den Directeur Musical vum Cercle Symphonique vu Rëmeleng.
De Sidney Scho huet scho ganz fréi mat der Musek ugefaangen, mat 6 Joer huet e mat der Gei ugefaangen, spéider koum dann och d’Uergel derbäi an natierlech och d’Directioun vun engem Orchester.
Musikalesch ass de Sidney Scho ganz kloer drop aus och manner bekannten oder manner dacks gespillte Wierker ze revitaliséieren. An och Lëtzebuerger Komponiste leien him ganz besonnesch um Häerz, als Beispill kann een Lou Koster an Jean Pierre Kemmer nennen, zwee Nimm déi mer sécher an der Emissioun nach ze héiere kréien.
An dee Sidney Scho ass haut den Invité beim Jean Claude Majerus am Sot emol.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus