Sot Emol
Raymond Conzemius: De Sport ass de roude Fuedem
56 min
D’Emissioun "Sot emol" ass déi Kéier nees sportlech ënnerwee, an dat mam Raymond Conzemius, dem aktuellen Directeur technique vum COSL, dem Lëtzebuerger Olympesche Comité.
Am Fong ass Sport de roude Fuedem deen sech duerch dem Raymond Conzemius säi Liewen zitt, hie war selwer aktive Liichtathlet a seng Passioun huet dem Héichsprong gehéiert. A genee an der Disziplin kéint de Raymond Conzemius 2025 en Anniversaire feieren, well et sinn da schonn 30 Joer hir datt hien zu Diddeleng mat 2 Meter 22 Lëtzebuerger Rekord gesprongen ass, e Rekord, dee bis haut nach ëmmer aktuell ass.
Nom Lycée huet hien zu Louvain an der Belsch fir d’Sportsproff studéiert, als wat en dann och laang Jore geschafft huet.
Weider huet en sech als Trainer forméiere gelooss mat ënnert anerem engem A-Trainer-Schäi fir Sprongdisziplinnen, wou en dann och Nationaltrainer war.
Da koum d’Zäit a sougenannte Sportlycée, wou hien déi ganz oder op mannst e groussen Deel vun der Entwécklung matgemaach huet. An tëscht 2012 an 2020 war hien och Direkter vum Sportlycée bis hien d‘Plaz als Directeur technique beim COSl vum Heinz Thews iwwerholl huet.
Mat schonn no zwee Joer direkt engem Highlight, nämlech de Raymond Conzemius war Chef de Mission vun der Lëtzebuerg Delegatioun bei den olympesche Spiller zu Paräis.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus