Sot Emol
Joe Del Toe: De Gesondheets-Clown
56 min
Jidderee vun eis war wuel schonn an engem Zirkus oder huet en Zirkus op der Televisioun gekuckt. Vill Leit waarden am Zirkus ëmmer ganz gespaant op de Clown oder op d’Clownen, egal op wéi eng Manéier se optrieden. Iergendwéi brénge Clownen et dach ëmmer fäerdeg, een ze faszinéieren. Et mengt ee wuel ëmmer, datt bei hinnen alles dernieft geet, mee wann een da méi al gëtt, da mierkt ee méi a méi, wat de Clown fir eng grouss Konscht ass, an eng, déi ganz no un a bei de Leit ass.
Den Invité beim Jean Claude Majerus ass dann déi Kéier e Clown, oder méi prezis, ee Gesondheets-Clown, de Joe Del Toe.
Hien ass och Comedie-Schauspiller, huet en Ofschloss vun der Tamala-Clown Akademie zu Konstanz, mat ebe Formatiounen an de Beräicher Komik, Clownerie, Stroossentheater a Physical-Comedy.
Den Universum vum Clown bitt engem am Fong all Méiglechkeeten, e kann eleng optrieden, oder zu méi, mat Musek oder ouni, mat Wierder oder ouni.
De Joe Del Toe hëlt eis mat an de groussen Univers vum Clown.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus